Nom déidleche Camionsaccident op der A1D'Autobunn ass a béide Richtungen nees komplett op

RTL Lëtzebuerg
Tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Sortie Sandweiler/Hamm hat e Freideg e Camion mat senger Benne e CITA-Panno ëmgerappt.
© RTL Mobile Reporter

Géint 20.20 Auer e Freideg den Owend koum d’Nouvelle vun der Police, dass d’Autobunn op der Plaz vum Accident a béide Richtungen nees op enger Spuer lafe géif. Et sollt een awer mat weidere Perturbatiounen am Trafic rechnen.

E Samschdeg de Moien koum dunn d’Confirmatioun, datt den Trafic op der A1 a béid Richtungen nees wéi gewinnt leeft.

Wat war geschitt?

Wei d’Police RTL géintiwwer confirméiert huet, ass eng Persoun beim Accident ëm d’Liewe komm, eng weider gouf schwéier blesséiert.

E Freideg géint 10 Auer war tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Sortie Sandweiler/Hamm e Camion, deen an Direktioun Stad ënnerwee war, mat senger Benne, déi aus nach ongekläerten Ursaachen an der Luucht stoung, eng Bréck mat CITA-Pannoen ewechgeholl an ass duerno op d’Mëttelleitplank geroden. D’Konstruktioun mam CITA-Panno ass op Géigebunn gefall.*

De Chauffer vun engem Auto, deen op der Géigebunn entgéintkoum, ass a se gerannt a war op der Plaz dout. Seng Bäifuererin gouf schwéier blesséiert.

Zwou Persounen an engem Minibus, déi och op der Géigebunn ënnerwee waren, goufe liicht verwonnt.

De Chauffer an de Bäifuerer vum Camion koumen och mat liichte Blessuren an d’Spidol.

D’Police hat iwwert d’Mëttegstonn ugefaangen d’Autoen, déi am Stau stoungen, ze evakuéieren.

Duerch déi komplett Fermeture vun der Autobunn hat sech de Stau op aner Plazen verdeelt.

* Dësen Deel gouf den 9. Januar 2026 aktualiséiert, wat d’Chronologie vun de Faiten ugeet.

Back to Top
CIM LOGO