Et geet mer guer net sou schlecht domat wéi munch Leit mengen, sot en Dënschdeg de Moien den Deputéierten David Wagner vun déi Lénk am RTL-Interview. Hien hält, genee wéi och de Marc Baum, am Hierscht wéinst dem Rotatiounsprinzip a senger Partei an der Chamber op a mécht der nächst Gewielter Plaz.
“Eng gewësse Frustratioun”
Engersäits wieren 3 Joer net vill, well een natierlech vill Saachen nach wéilt maachen. Et géif ee schonn eng gewësse Frustratioun spieren. Anerersäits wier een e bëssen erliichtert, well et awer eng intensiv Zäit ass, well déi Lénk jo just zwee Deputéiert hunn. Hie géif sech op méi Rou a manner Drock freeën a weider am Hannergrond matschaffen.
Dat Positiivt un deem Mechanissem wier, datt zwee liicht méi jonk Memberen noréckelen, mam Ana Correia da Veiga an dem Gary Diederich, déi op Gemengenniveau schonn Erfarung konnte sammelen. De Marc Baum an hie wäerten an d'Fraktioun schaffe goen.
Saachen a Beweegung bruecht
Hie selwer wéilt seng Aarbecht um Krautmaart net jugéieren. Dat sollten anerer maachen. Objektiv gesinn hätten déi Lénk awer schonn eng Rëtsch Saachen a Beweegung bruecht. “Mir waren e politesche Magnéit, deen an der Chamber no lénks gezunn huet”, huet den David Wagner gemengt. D'Verankerung vum Avortement geet ënnert anerem op déi Lénk zréck. Mä och soss hätt een Akzenter gesat. Theme wéi d'Hëtzt géif ee seriö huelen an net wéi d’ADR zum Beispill domat de Geck maachen. Et sollt een iwwerhaapt iwwer seriö Sujete schwätzen: d'Aarbecht, dat Soziaalt an Themen, déi de Jonk concernéieren.
Nei Strategie vun déi Lénk bis d'Enn vum Joer
Déi Lénk hätten an de leschte Méint vill nei Membere bäikritt. Vill Jonker, déi mierke géifen, datt systeemesch Problemer do sinn an de kapitalistesche System géifen uprangeren. No de méi schlechte Walresultater wier een als Partei amgaangen sech strateegesch nei opzestellen. Déi grouss Linne vun der neier Strategie sollen am Dezember op engem Kongress ugeholl ginn. Duerno misst gekuckt ginn, wéi dat ëmgesat gëtt a Statute villäicht missten ëmgeännert ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.