
Um Bau an an der Landwirtschaft géingen d'C02-Emissiounen zum Beispill nees klammen. An der Industrie léich den Ausstouss nach ëmmer däitlech iwwer dem Grenzwäert.
Laangfristeg géingen d'Ziler dramatesch verfeelt ginn, schreift d'Ëmweltorganisatioun an engem Communiqué.
Initiativen eleng am Transportsecteur géifen net duergoen. D'Regierung géif mat Pläng, fir bei den Déngschtween Plug-In-Hybride ze fërderen derfir suergen, datt d'Situatioun sech verschäerft. Mat den Decisioune vun der Tripartite géing den Tanktourismus nees u Gewiicht wannen.