Mat 80 duerch d'Zone 30D'Awunner ronderëm de Boulevard Dr E. Feltgen siche verzweiwelt no Léisungen

Tim Morizet
Mat 80 Stonnekilometer duerch eng 30er Zon just e puer honnert Meter ewech vun direkt e puer Schoulen. Dat ass d‘Realitéit um Lampertsbierg...
Mat 80 duerch d'Zone 30
D’Awunner ronderëm de Boulevard Dr E. Feltgen siche verzweiwelt no Léisungen

En Dar am A ass eng Kéier um Boulevard Dr E. Feltgen. Eng breet Strooss. Ideal fir mat Tempo erauszekommen. Vill Automobiliste schneide se an um Tacho steet dann och emol 70 bis 80 Kilometer d’Stonn. De Problem: mir sinn an enger 30er-Zon. Dicht besidelt mat ville Schoule just ëm den Eck belaascht de “rasanten” Trafic d‘Awunner aus der Noperschaft, esou och d’Mireille Lux: “Mir hu schonn Accidenter gehat, wou d’Leit d’Kéier ënnen net kruten an dann an aner Autoe gerannt sinn, déi laanscht d‘Strooss geparkt waren. Et ass vill Passage. Moies fréi, am Nomëtteg. Mee och am Dag, wann et méi roueg ass, da fueren d‘Leit einfach extreem séier. An et si Leit dobäi, déi Course maachen.”Vill Duerchgangstrafic aus dem Norden a Richtung Kierchbierg a vill Schoul-Trafic suerge fir Frust ronderëm de Boulevard. Dem Patrik Bitomsky no wieren d’Chauffere moies deelweis esou genervt an aggressiv, datt ee mat senge Kanner um Wee fir an d’Schoul mol net méi iwwert d’Strooss gelooss géif ginn. Sur place gëtt eise Journalist vun enger Dose besuergte Noperen op der Strooss ugeschwat: all mat änlechen Erfarungen.

Kuerzfristeg fuerderen d’Awunner méi Zebrasträifen, digital Panneauen, déi de Chaufferen hir Vitess uweisen, Vitess-Obstakelen, respektiv, datt d’Strooss méi enk gemaach soll ginn.

“D’Schoule mussen endlech ewechkommen”

Mëttel- a laangfristeg awer muss méi wäit geduecht ginn. Iwwert déi lescht Joren a Joerzéngten hätt d‘Stad Lëtzebuerg d‘Urbaniséierung vum Lampertsbierg falsch ugepaakt, bedauert ee beim Syndikat vum Lampertsbierg. De Romain Diederich erkläert: Hei gëtt sech natierlech e bëssen hannert dem Staat verstoppt. D‘Lycéeën um Lampertsbierg si staatlech Lycéeën. Wien ass do schlussendlech fir wat zoustänneg? Dat ass de Leit um Lampertsbierg egal. De Leit geet et drëms, datt d‘Stad sech effektiv ëm hire Quartier këmmert. Mir sinn hei net an iergendenger klenger Gemeng. Mee an der Haaptstad.”

Iwwer 10.000 Awunner, iwwer 5.000 Schüler, Dausenden Aarbechtsplazen - nieft der Mobilité douce fir déi Lokal vum Auto ewech ze kréien, brauch et politesche Wëllen, fir d‘Kéier ze kréien, esou den Awunner: “Mir hätte gären, datt dat, wat versprach gouf, also, datt d’Schoulen hei uewen ewechkommen, endlech Realitéit gëtt. Mir hätte gären, an dat fuerdere mer schonn zanter Joren, datt dem Duerchgangstrafic d’Liewe richteg schwéier gemaach gëtt.”

Iwwert déi nächst Jore sollen de Lycée Michel Lucius an den LTC de Lampertsbierg verloossen. Ma et wier erschreckend, esou de Syndikat, datt den Educatiounsministère consideréiert, um Site vum LTC eng nei ëffentlech Europaschoul wëllen z’integréieren. Eng Schoul, déi statistesch méi Eltere mat Autoen unzitt, ewéi vill aner ëffentlech Schoulen.

Neie Mobilitéitsplang soll Biergerparticipatioun garantéieren

D’Stad Lëtzebuerg wiisst weider. Eleng awer kritt een d‘Autoen net aus de Quartieren eraus, heescht et bei der Gemeng. Hei misst ee mam Staat zesumme schaffen. Et misst een de Leit eng Alternativ zum Individualverkéier ubidden, esou de Patrick Goldschmidt, Stater Mobilitéitsschäffen: “Dat ass gréisstendeels den ëffentlechen Transport an zum Deel de Covoiturage. Do mussen all d‘Acteuren zesummen dru schaffen. Wat kloer ass, ass datt d‘Capacitéit vun de Stroossen un hir Limitte komm sinn. All d‘Croissancë mussen elo vun deenen aneren Alternativen opgefaange ginn. A mir probéieren den Transitverkéier duerch aner Verkéiersféierungen aus de Quartieren erauszekréien.”

Nei Verkéiersadaptatiounen, déi mam neie Mobilitéitsplang zesumme mat de Lokalen aus de Quartiere sollen ausgeschafft ginn. Déi nächst Deeg soll de Mobilitéitsplang fäerdeg ginn, esou datt den nächste Schäfferot nom Summer mat dësem weider plange kann.

Nei Markéierunge fir de Boulevard Dr E. Feltgen

Wat de Boulevard Dr E. Feltgen ugeet, soll dësen déi nächst Deeg nei markéiert ginn, versprécht de Stater Mobilitéitsschäffen: “Kuerzfristeg wäerte mer hei nei Markagen op de Buedem maachen. Nei 30er Schëlder ophänken. Gläichzäiteg gi pedagogesch Radaren opgeriicht. Déi weisen, wéi séier een ënnerwee ass.”

Mëttelfristeg soll am Quartier den ënnerierdesche Reseau erneiert ginn, heescht och d‘Strooss gëtt frëschgemaach a gëtt domadder d’Opportunitéit de Boulevard nei ze organiséieren. Dat a Kollaboratioun mat de lokalen Awunner.

Back to Top
CIM LOGO