Nei Bräich an al KierfechterD'Bäisetze vun Doudegen ass verschidden, jee no Glawen oder eben Net-Glawen

Diana Hoffmann
Jiddereen huet eng aner Virstellung doriwwer, wou säin Numm eemol soll stoen, wann en net méi ass. Oder eben doriwwer, wou en net soll stoen.
D'Bäisetze vun Doudegen ass verschidden, jee no Glawen oder eben Net-Glawen
Jiddereen huet eng aner Virstellung doriwwer, wou säin Numm eemol soll stoen, wann en net méi ass. Oder eben doriwwer, wou en net soll stoen.

Deen am meeschte verbreete Glawen hei am Land ass de Katholizismus. Deemno fannen déi meescht Leit op engem kathoulesche Kierfecht hir lescht Rou. D’Anäschere gëtt awer och ëmmer méi populär an domat och d’Streeë vun den Äschen. “Antëscht loosse sech grad esouvill Leit anäschere wéi begruewen”, seet de Luc Theis, vum Service des cimetières vun der Stad Lëtzebuerg. Virun 20 Joer hu sech nach dräi Mol souvill Leit bäisetze gelooss wéi anäscheren.

Nei Beräicher an al Kierfechter / Reportage Diana Hoffmann

Lo kéint ee mengen, dass d’Kierfechter méi kleng ginn. Et brauch manner Plaz, fir d’Äschen ze streeën, an och d’Urnen an engem Kolumbarium bäizesetzen hëlt manner Raum. Deem ass awer aus zwee Grënn net esou, erkläert de Luc Theis: “Engersäits gi vill Urnen an de Griewer bäigesat, anersäits wiisst d’Populatioun vun der Stad ëmmer weider”. Bei der immigréierter Populatioun wieren da majoritär Leit, déi en traditionellt Begriefnis wiele géingen. Notamment zum Beispill dacks d’Italiener oder d’Portugisen.

Just ee Kierfecht um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg wier den Ament esou gutt ewéi voll. Riets geet vum israeliteschen um Lampertsbierg. Déi jiddesch Traditioun wëllt, dass just eng Persoun, oder eventuell zwou, an e Graf kënnt. Zanter enger Zäit schonn hätt déi jiddesch Gemeinschaft dofir elo eng weider Parzell um Kierfecht zu Märel. Op dëser Plaz huet och déi muslimesch Gemeinschaft schonn zanter iwwer 10 Joer eng Parzell. “De Brauch vun der muslimescher Relioun wëllt, dass déi Verstuerwe mam Kapp a Richtung Mekka begruewe ginn”, erkläert de Luc Theis.

Vill Leit decidéieren hautzedaags, wéi scho gesot, sech anäscheren ze loossen. Dat passéiert am Crematoire zu Hamm, wou och Zeremonien organiséiert ginn. D’Directrice vum Crematoire Steffi Weigel stellt awer e Changement vun der Demande vun de gefroten Zeremonien an de leschten 30 Joer fest. Goufen ugangs méi chrëschtlech Zeremonie zu Hamm gefrot, sou waren d’lescht Joer 65 Prozent vun den Zeremonien zivil. “Mä och evangeelesch, buddhistesch, apostoulesch, jehova- Zeremonien a jiddesch Zeremonië gi gefrot”, seet d’Steffi Weigel, an hofft dobäi kee vergiess ze hunn.

Beim Crematoire befanne sech dann och zwou anonym Streewisen. Hei géingen dacks Mënschen sech fir d’Streeë vun hiren Äschen entscheeden, déi näischt mat Relioun um Hutt hunn. Mä net just; “Et si Mënsche vun alle Reliounen hei verstreet”, ënnersträicht d’Directrice. Dofir géing Allerhellegen och net op dëse Wise geseent ginn. D’Leit kënnen awer zu all Moment op de Site kommen, a Blumme fir hir Verstuerwen deposéieren.

En anere Choix fir déi lescht Rou, deen och ëmmer méi populär gëtt, ass dann de Bëschkierfecht. Ewech vun enger reliéis konnotéierter Plaz, matzen an der Natur. Och hei ginn dann d’Äsche bäigesat, oder kënnen ënnert de Beem verstreet ginn.

Back to Top
CIM LOGO