ABBL-President am InterviewD'Banke sinn net immun, wann néideg Reserven uleeën

Frank Goetz
Nach awer hätt déi ganz sanitär Kris d'Banken an hirem ekonomeschen Ausmooss nach net am volle Mooss getraff, sou de Guy Hoffmann.
Den ABBL-President am RTL-Interview
De Guy Hoffmann ass zouversiichtlech, datt d'Revenue vun der Finanzplaz wäerten an engem Equiliber bleiwen.

ABBL-President am Interview

D'Banke sinn net immun an d'Konsequenze vun der sanitärer Kris wieren éischter d'nächst oder souguer d'iwwernächst Joer spierbar. Dat sot de President vun der Bankenassociatioun ABBL a vun der Banque Raiffeisen, de Guy Hoffmann, am Interview op der Tëlee. Sech op d'Konsequenze preparéieren, ass schwiereg an dat eenzegt, wat ee kéint maachen, wier an direktem Kontakt mat de Clientë sinn. Banke misste verstoen, wou d'Enkpäss vun den Entreprisë sinn an hinnen hëllefe wou se kéinten. Wann néideg missten d'Banke Reserven op d'Säit leeën, wa se d'Gefill hunn, datt et fir déi eng oder aner Firma net wäert gutt goen, sou de Guy Hoffmann.

De Guy Hoffmann (Extrait 1)
---automated---

Wat déi laangfristeg Konsequenzen ugeet, misst dofir gesuergt ginn, datt d'Verloschter an der Ekonomie net integral an d'Banken iwwerdroe ginn. De Guy Hoffmann ass och zouversiichtlech, datt d'Revenue vun der Finanzplaz wäerten an engem Equiliber bleiwen. Allerdéngs wieren d'Käschte schonn am Gaang ze wuessen, net wéinst der Kris, mee wéinst der Digitaliséierung an der Formatioun vun de Banquieren. D'Banke wären dofir och am Gaange Reserven unzeleeën, fir Kreditter, déi ausfalen, opzefänken. An et misst een dovun ausgoen, datt d'Nettoresultat vun de Banke schonn 2020, mä sécher 2021/2022 staark ënner Drock wäert stoen. Dobäi kënnt, datt een net kéint dovunner ausgoen, datt d'Zentralbanken d'Zënsen an d'Luucht setzen.

De Guy Hoffmann (Extrait 2)
---automated---

Fir d'Attraktivitéit vun der Lëtzebuerger Finanzplaz gëtt et „net all Dag eppes Neies ënnert der Sonn“. Dem Guy Hoffmann no misst d'Finanzplaz weider op si fir nei Iddien. Et misst een och déi Charakteristiken, déi Lëtzebuerg grouss gemaach hunn, erhalen: „déi Flexibilitéit, déi Proximitéit zur Regierung, zu de Regulateuren, de Professionalismus“. Eng grouss Erausfuerderung wier et, déi richteg Leit ze fannen. D'Groussregioun hätt ee scho méi oder wéineger ofgegraast.

Wat de Kollektivvertrag fir d'Finanz- an Assurancëplaz ugeet, fënnt de Guy Hoffmann, datt eng Verlängerung vum aktuellen Accord am Interêt vu jidderengem wier. Well, wéi den Accord virun 3 Joer zu engem Moment, wou et der Plaz gutt goung, hätt jidderee gesot, et wier e gudden Accord.

Back to Top
CIM LOGO