Sief et bei der Fro no der Successioun, dem Ausbau vum Betrib oder der finanzieller Ënnerstëtzung duerch déi Europäesch Unioun, et gëtt e puer Punkten, bei deenen d’Lëtzebuerger Baueren Handlungsbedarf gesinn. Generell weist ee sech zwar zefridde mat der Approche vun der CSV-DP-Regierung, mee am Endeffekt wäert een d’Politik u konkrete Resultater moossen. An op déi waart een am Secteur ëmmer méi ongedëlleg.
An zwar bal sou ongedëlleg, wéi d’Béischten um Haff Hahn zu Rued bei Ell moies op hiert Fudder waarden. Den Haff läit matten am Duerf, ma mëttlerweil gëtt et awer och vill Aussiidlerhäff. Well et fir baulech Aktivitéiten an der Gréngzon mat Bléck op den Ëmweltschutz streng Oplage gëtt, fille vill Bauere sech ausgebremst.
Ma d’Amendementer um Naturschutzgesetz loossen nach ëmmer op sech waarden. Deen eenzege klenge Succès bei der administrativer Vereinfachung wier bis elo, datt d’Reglementatioun fir d’Hebegeräter bei der ITM verännert ginn ass. Dobäi géing et nach a munche Beräicher Sputt no uewe ginn, esou de Christian Hahn, President vun der Landwirtschaftskammer.
“Mir stinn hei an engem landwirtschaftleche Gebai, do ass Holz ronderëm bis op eng gewëss Héicht vun der Wand dobaussen, do gëtt et guer keen ökologesche Mehrwäert. Mir hunn Honnert Mol gefrot, wat den ökologesche Mehrwäert dovun ass, mee et ass just, datt ee gesäit, datt et ee landwirtschaftlecht Gebai ass. An do muss ech soen, et ass awer utopesch, de Betriber sou vill Mehrkäschten opzeerleeën, ouni een ökologeschen Hannergedanken ze hunn, just fir ze soen, dat ass eng Bauerenhal.”
Och mat Bléck op den Nowuess wier eng Reduzéierung vum administrativen Opwand wichteg. Eleng mat méi Sue kritt ee Jonker nämlech net motivéiert, fir ee landwirtschaftleche Betrib ze iwwerhuelen.
“Wann ech sonndes Zäit mat menger Famill ka verbréngen, da gesinn d’Kanner jo, datt et ee flotte Beruff ass. D’Woch iwwer gesi se jo, wéi schéin dat ass, an der Natur ze schaffen, mat de Béischten ze schaffen a sou weider. Wa mer awer sonndes lo de Contraire hunn, a mir sëtze sonndes da just nach um Büro Paperassen ze maachen, well ee mat der ganzer Aarbecht vun der Woch do net fäerdeg ginn ass, well et sou vill ass, dat weist de Kanner jo awer net, datt et ee flotte Beruff ass.”
Een anere Sujet, deen de Bauere Kappzerbrieches mécht, ass déi gemeinsam europäesch Agrarpolitik. Vun 2028 u sollen d’EU-Gelder ëm 20 Prozent op ronn 300 Milliarden Euro zeréckgoen.
“D’EU-Agrarpolitik ass u sech do, fir dem Konsument dobaussen d’Liewensmëttel bëlleg ze halen, also ass et u sech eng sozial Moossnam fir de Konsument. Mir hunn awer an deene leschte Joerzéngten ugefaangen, Ëmweltmoossnamen nach do drunzehänken. A wann ech lo eng Ëmweltleeschtung maachen als Bauer, dee Moment kréien ech keng Sue fir d’Ëmweltleeschtung, ech kréie just Sue fir de Minderertrag, deen ech hunn zu enger normaler Produktioun.”
Virun deem Hannergrond ass et d’Ureegung un de Finanzminister Gilles Roth, déi europäesch Gelder, zum Beispill fir Eco-Schemes oder Agrar-!Ëmweltprogrammer, steierfräi ze maachen. Eng Ëmweltleeschtung wier nämlech een Déngscht un der Allgemengheet. Ma op de Gilles Roth sech dee Schong undeet, bleift ofzewaarden.
Moies fréi zu Rued am Stall: Wat sinn d’Suerge vun de Lëtzebuerger Baueren?