An der Chamber gestëmmtD'Bëscher am Land kréien en eenheetlecht Gesetz

Claudia Kollwelter
Eis Bëscher kréien e generelle legale Kader. En entspriechend Gesetz gouf e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber gestëmmt.
© RTL

Ronn 1/3 vun der Fläch vu Lëtzebuerg si Bëscher - a privater an ëffentlecher Hand. Aus bis ewell 18 eenzele Gesetzer gëtt elo eent, mat deem ënnert anerem den Accès an d’Bëscher gereegelt an administrativ Demarchë vereinfacht ginn.

Bëschgesetz gestëmmt / Reportage Claudia Kollwelter

Virop kritt de Bësch emol eng Definitioun. De Rapporter vum Projet de Loi, François Benoy:

“En Terrain vun op d’mannst 25 Ar, deen aus enger komposéierter Planzeformatioun mat Kroune besteet, vun op d’mannst 20 % Bamaarten, déi ausgewuess op d’mannst 5 Meter hunn.”

D’Gesetz hält d’Rechter an d’Responsabilitéite vun de Leit fest, déi am Bësch aktiv sinn:

“Bis ewell hat eng Persoun net d’Recht an de Bësch ze goen ouni d’Autorisatioun vum Proprietär. Rechtlech gesinn, gëtt et nämlech keen Ënnerscheed tëscht dem Gaart hannert engem Haus an engem Bësch, deen engem gehéiert. Den Accès op de Bësch war bis elo kee Recht an e Proprietär hätt e kënnen refuséieren.”

Zousätzlech gëtt et d’Recht, kleng Quantitéiten aus dem Bësch eraus ze huelen:

Ech schwätzen hei vu Friichten, Geseems, Champignonen a sou weider. Natierlech gëllt dat net fir geschützten Aarten.”

An den Ae vun der CSV wier den Text ufanks katastrophal gewiescht, et wier awer zum Gléck nogebessert ginn. Mee d’Martine Hansen fënnt, datt verschidde Punkten ze restriktiv sinn an nennt ënnert anerem d’Virschrëfte wat an Zukunft dierf ugeplanzt ginn:

“Et hätt ee kéinte soen, dir kritt just eng Bäihëllef, wann der nei uplanzt, wann der souvill Prozent vun de Beem ënnert verschiddene Planzen eraussicht. Well et weess keen, wat op Grond vum Klimawandel gutt ass a wat richteg wier, fir ze planzen.”

Datt den Zoustand vun eise Bëscher sech verschlechtert huet, dat huet kee vun den Deputéierte bestridden an et war ee sech queesch duerch d’Parteien och iwwert d’Wichtegkeet vun eise Bëscher eens.

Back to Top
CIM LOGO