D'Banque Internationale à Luxembourg gouf 1856 als éischt Lëtzebuerger Bank gegrënnt. Hir primär Aufgab bestoung am Ufank doranner, de Bau vun der Lëtzebuerger Eisebunn ze finanzéieren. Grënnungsaktionäre waren dräi däitsche Banquieren, an zwar de Raphael Erlanger, den Abraham Oppenheimer an de Gustav Mevissen. 1991 gouf Crédit Communal de Belgique den Haaptaktionär vun der BIL, 2000 krut d'Bank dunn een neien Numm. Datt de Choix op Dexia gefall ass, erkläert den deemolege Generaldirekter vun Dexia Lëtzebuerg André Roelants esou:
"En fait c'est un nom, qui doit être court, qui doit être un nom de marque, un peu du style AXA et avoir vraiement une possibilité d'être utilisé dans toutes les langues et que le nom ne soit pas déposé dans aucun pays."
Ma och een neie Logo an een neien Numm konnten d'Bank net virun de Konsequenze vun der Finanzkris aus de Joren 2007 bis 2009 schützen. De Grupp Dexia koum an eng Schiflag an 2011 huet den deemolege Finanzminister Luc Frieden Konsequenzen annoncéiert.
"Ech mengen, datt et am Interêt vun eisem Land an am Interêt vun der BIL ass, fir datt d'BIL aus deem Grupp kann erausgeholl ginn."
Fir dat ze erreechen, hat Lëtzebuerg zwou Staatsgarantië ginn, wat dem Luc Frieden no awer net ouni Risiko war.
"Déi Garantië géingen de Steierzueler, géingen de Lëtzebuerger Staat eppes kaschten, wa se wierklech eng Kéier misste spillen. Dat ass bis lo gottseidank net agetrueden, et kann een ni soen, wéi dat an der Zukunft geet. Mee dat war de Präis, deen huet musse bezuelt ginn, fir kënnen d'BIL zu Lëtzebuerg ze retten, déi virum Ofgrond stoung."
2012 war d'BIL, déi dee Moment och erëm hiren alen Numm zeréckkrut, gerett. De Lëtzebuerger Staat huet 10 Prozent vun de Parten iwwerholl, déi aner 90 Prozent goungen un de katareschen Investitiounsfong Precision Capital. Kritesch gouf dobäi vu ville Säiten de Präis vu 730 Milliounen Euro gesinn, dee wier vill ze niddereg, esou de Reproche.
Datt dee Virworf vläicht net ganz onberechtegt war, huet sech fënnef Joer méi spéit gewisen, wéi d'Katarer d'BIL fir ronn annerhallef Milliarden Euro, also fir dat Duebelt, un d'Chineese vu Legend Holdings weiderverkaaft hunn. De Luc Frieden, deen 2017 President vum Verwaltungsrot vun der BIL war, huet virop den Aspekt vun der Kontinuitéit betount.
"Si kafen eng Bank, déi funktionéiert, si wëllen also net déi Bank änneren, dofir komme se och net an de Management, se kommen nëmme mat enger klenger Zuel un Administrateuren an de Conseil, d'BIL ass a bleift Lëtzebuergesch."
Néng Joer méi spéit stinn d'BIL an hir 1.555 Mataarbechter elo nees zur Vente. De Wäert gëtt mëttlerweil op 2,5 Milliarden Euro geschat. Wien d'Bank kafe wäert, steet nach an de Stären. Kloer ass just, datt de Staat seng 10 Prozent behält an déi aner 90 Prozent wuel rëm an d'Ausland goe wäerten. An natierlech ass de Luc Frieden nees mat vun der Partie, dat schéngt jo mëttlerweil och Traditioun ze sinn.