
De Kollektiv begréisst zwar, datt de Logementsminister Claude Meisch en Dënschdeg zu engem Gespréich invitéiert hat. Den Echange wier awer enttäuschend verlaf, heescht et an engem Communiqué. De Minister hätt sech haaptsächlech drop limitéiert, déi schonn annoncéiert Mesuren an Investitiounen ze presentéieren.
Op konkret Nofroen, ënner anerem zu enger Reform vum VEFA-Gesetz, engem Register fir eidelstoend Wunnengen an enger méiglecher Steier op eidel Wunnengen, hätt de Minister keng präzis Äntwerte kënne ginn. Hien hätt drop verwisen, datt hien net fir dës Dossieren zoustänneg wier.
Fir de Kollektiv ënnersträicht dat d'Noutwendegkeet vun enger interministerieller Kommissioun ënnert der Autoritéit vum Premier. Déi soll déi verschidden zoustänneg Ministeren un een Dësch bréngen, fir eng gemeinsam Logementsstrategie mat konkreten Delaien auszeschaffen.
De Kollektiv kritiséiert ausserdeem, datt ze vill strukturell Mesuren entweder net iwwer den Annoncestadium erauskommen oder sech iwwer Joren zéien. An enger Logementskris wier dat net akzeptabel. Nëmmen duerch eng breet Mobiliséierung kéint den Drock op d'Politik erhéicht ginn, fir d'Drénglechkeet vun der Situatioun unzeerkennen.
Dofir rifft de Kollektiv Logementskris fir e Freideg um 18 Auer zu enger Manifestatioun um Hamilius an der Stad op. Gläichzäiteg invitéiert en d'Bierger, d'Petitioun Nummer 4246 um Site vun der Chamber z'ënnerschreiwen.
De Logementsminister Claude Meisch ass e Freideg de Moien um 8 Auer live beim RTL um Radio am Interview.