De Kompromëss, deen e Méindeg vu 26 EU-Memberlänner - dorënner Lëtzebuerg - fonnt gouf, fir d'Accisen um Tubak bis 2036 progressiv ëm 25% ze erhéijen, wär ze droen am Verglach zu dem, wat ugangs um Dësch loung. "Dat war en Horror-Zenario", seet de Charel Lemmer, General Manager vu Landewyck fir den däitschsproochege Raum. Virgesi war Ugangs nämlech eng Besteierung just en Fonction vun der Kafkraaft vun engem Land. “Wat bedeit hätt, datt déi Mindesttauxen op Tubaksproduiten, déi do mat der Direktive sollten a Kraaft trieden, 40% méi héich gewiescht wären, wéi an aneren europäesche Länner".
Dee grousse Problem, deen awer aus Siicht vum Tubaksproduzent bleift, ass de Schwaarzmaart an de Schmuggel. "All Steiererhéijung ass ee Konjunkturpak fir kriminell Organisatiounen. Wann een do just an d'Belsch kuckt, do gëtt en Moyenne eng illegal Zigarettefabrick de Mount opgedeckt. Et ass d'Spëtzt vum Äisbierg". Och Lëtzebuerg wär betraff, betount de Charel Lemmer mat Verweis op déi grouss Quantitéit Tubak, déi am Mee zejoert zu Eescheler saiséiert gouf.
Am Accord, deen awer bis ewell vu Malta blockéiert gëtt, huet Lëtzebuerg och agewëllegt, fir den Export fir den Eegeverbrauch vun aktuell véier Staange pro Persoun op eng Staang ze limitéieren. Et hätt ee Frankräich domadder wëllen entgéintkommen, sot de Finanzminister Gilles Roth en Dënschdeg de Moien um Radio.
Fir de Vertrieder vun Heintz van Landewyck ass dëst awer näischt anescht wéi eng Limitatioun vum europäesche Bannemaart. "Wat fir eis kee Sënn mécht. Do schwätze mer dann net méi vu 'free movement of goods'. Den Här Roth huet d'Fransousen ugeschwat - ech gleewe kaum, datt d'Fransousen och eng Kéier géife proposéieren, datt jidderee just nach eng Fläsch franséische Wäin dierft mat iwwer d'Grenz huelen.”
26 EU-Länner, dorënner Lëtzebuerg, hu sech e Méindeg op eng Formule fir d'Mindestbesteierung op Tubaksproduiten, grad wéi op Nikotin- Säckelcher an elektroneschen Zigarette gëeenegt. Malta huet awer e Veto ageluecht. Esou datt weider verhandelt muss ginn. De Finanzminister Gilles Roth ass zouversiichtlech, datt bis Enn des Joers eng Léisung fonnt gëtt. Fir d'Lëtzebuerger Interesse wär d'Kou bal ganz vum Äis.