Et kéint een den Androck kréien, dass d'Regierung op Zäit spilltD'CGFP begréisst d'Tripartite, kritiséiert awer den Zäitpunkt am Juni

RTL Lëtzebuerg
Wat de Menu vun der Tripartite ugeet, ass d'Staatsbeamtegewerkschaft der Meenung, dass sech konsequent op d'Energiekris an hir Suitte sollt fokusséiert ginn.
Den CGFP-President Romain Wolff (l) an de Generalsekretär Steve Heiliger (r) bei enger Pressekonferenz.
© Luca Thill

D'CGFP begréisst ausdrécklech, dass am Juni soll eng Tripartite beieneekommen. Wéinst der Energiekris an dem Inflatiounsdrock wier se längst iwwerfälleg, schreift d'Staatsbeamtegewerkschaft no hirem Exekutiv-Comité.

Et bedauert een awer, dass déi eigentlech Verhandlungen eben eréischt am Juni wieren. Also ze spéit, fënnt d'CGFP. Dréngend gebrauchten Entlaaschtunge fir d'Bierger riskéieren domat, nach eng Zäit op sech waarden ze loossen.

Et kéint een den Androck kréien, dass d'Regierung bewosst op Zäit spillt.

Wat de Menu vun der Tripartite ugeet, ass een der Meenung, dass sech konsequent op d'Energiekris an hir Suitte sollt fokusséiert ginn. Aner Theme sollte bausse-vir gelooss ginn. A virun allem bleift d'CGFP ganz kloer bei hirer Positioun: Fanger ewech vum Index.

D'Schreiwes vun der CGFP.

Back to Top
CIM LOGO