BilanD’Chamber huet zejoert 46,2 Milliounen Euro kascht

RTL Lëtzebuerg
Wéi um Chambersite ze liesen ass, goufen domadder 1,8 Milliounen Euro manner ausginn, wéi dat wat am Budget virgesi war.

Dat geet aus dem Bilan ervir, deen d’Membere vun der Commission des Comptes um Donneschdeg presentéiert kruten.

Den héchste Poste si parlamentaresch Indemnitéiten a Remboursementer fir d’Deputéiert a Mataarbechter, grad wéi Personalfraise mat am Ganzen eppes méi wéi 28 Milliounen Euro.

D’Zuel vun de Mataarbechter an der Chamber ass vun 104 op 120 Leit eropgaangen. Well méi Kommissiounssëtzungen an ëffentlech Sitzunge waren, goufen och méi Jetone bezuelt.

Back to Top
CIM LOGO