MouvecoD'Chamber muss opgewäert ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Fuerderung koum net vum Chamberpresident, engem Fraktiouns- oder Parteichef, respektiv engem Deputéierten. Nee, d'Doleance koum vum Mouvement écologique.

Firwat d'Chamber opwäerten? Abee, fir de Mouvement ass se d'Vertriedung vun de Bierger am Land.

Op deem Plang gouf et an der Lescht e puer positiv Initiativen, wéi d'Petitiounen, d'Jugendparlament oder nach ëffentlech Hearingen. Trotzdeem misst d'Chamber méi oppe gestalt ginn.

D'Parlament bräicht, esou de Mouveco, zousätzlech Leit mat groussem Fachwëssen, fir dass d'Deputéiert net um Enn vun de Fonctionnairen aus de Ministèren ofhängeg sinn, fir an d'Bild gesat ze ginn.

D'Rapporte vun der Chambersëtzunge misste besser vermëttelt ginn, fir dass d'Leit u wichteg politesch Informatioune kommen.

D'parlamentaresch Kommissioune misste méi oppe schaffen an d'Zivilgesellschaft méi abannen, amplaz hanner zouenen Dieren ze diskutéieren.

D'Zivilgesellschaft misst och een Avis iwwer Gesetzprojete gefrot ginn. Et soll sech also net nëmmen op de Staatsrot an d'Beruffskummere limitéiert ginn.

D'Leit missten och méi d'Geleeënheet kréien, fir sech selwer an d'Politik anzebréngen, zum Beispill iwwert d'Initiativerecht. Dat wier och am Sënn vun der Acceptanz vu politeschen Decisiounen.

Parallel sollen, dem Mouvement no, d'Hearinge méi zu engem reellen Instrument vu Meenungsbildung genotzt ginn.

Eng weider zentral Fuerderung vum Mouvement ass, dass d'Deputéiert hiert Mandat endlech als Fulltime-Job gesinn an net nach niewelaanscht als Buergermeeschter, Schäffen, Conseiller oder soss berufflech aktiv sinn.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO