
Op der Plaz huet d'Police festgestallt, datt d'Clubhaus vum Bouschéiss-Veräin a Flame géing stoen. Net nëmmen de Chalet ass komplett ofgebrannt, och d'Ënnerstänn vun de Schéissstänn.
D'Feier war séier ënner Kontroll an d'Pompjeeën konnten en Ausbreede vum Feier verhënneren.
Well d'Police Brandstëftung net ausschléisse kann, gouf de Parquet informéiert. D'Police judiciare ermëttelt.