QuadripartiteD'CNS huet 2021 ee Minus vun 55,7 Milliounen Euro gemaach

RTL Lëtzebuerg
Déi finanziell Situatioun vun der Gesondheetskeess stoung e Mëttwoch am Mëttelpunkt vun der Fréijoersquadripartite zu Munneref.
Quadripartite
D’Käschte vun de Covid-Mesuren, d’Leeschtungsverbesserunge bei den Zänn an déi finanziell Situatioun vun der CNS ware Sujeten.

Et ass keng Iwwerraschung: d’CNS schléisst och 2021 mat engem negative Resultat of. Ënnert dem Stréch steet e Minus vu 55,7 Milliounen Euro, ëmmerhin eng 45 Milliounen Euro manner, wéi gemengt gi war.

Quadripartite/ Rep. Dany Rasqué

Bis op den 31. Mäerz louchen d’Käschte vun de Covid-Mesuren, déi d’CNS en charge hëlt, mee déi vum Staat rembourséiert ginn, bei 417,5 Milliounen Euro. Dat heescht déi 386 Milliounen, déi 2020 an engem Spezialgesetz gestëmmt goufen, fir dës Depensen vun der CNS auszegläichen, ginn net duer. Deemno gëtt nogebessert, esou wéi dat versprach gi war, esou d’Gesonsheetsministesch.

D’CNS huet et awer och mat engem strukturellen Defizit ze dinn, huet d’Gesondheetsministesch an delegéiert Ministesch fir d’Securité Sociale, d’Paulette Lenert, no der Reunioun mat de Sozialpartner, der CNS an de Prestatairen aus dem Gesondheetssecteur erkläert. D’Recettë géifen net esou séier klammen, wéi d’Depensen.

“Dat bedeit am Kloertext e Problem, mëttel- a laangfristeg, deen ee muss ugoen. Ganz konkret gesi mer, wa mer op déi lescht Joren zeréckkucken, datt d’Depensen ëm 8,2 Prozent an d’Luucht gaange sinn, wärend d’Recette just ëm 5,8 Prozent erop gaange sinn. Dat weist natierlech drop hin, datt mer an Zukunft mussen ëmdenken, iwwerdenken, analyséiere fir ze kucken, wéi een déi do Tendenz gedréint kritt.”

En Aarbechtsgrupp, an deem ënnert anerem Vertrieder aus dem Ministère vun der Securité Sociale, aus dem Finanzministère an aus der CNS sëtzen, soll elo Pisten op den Dësch leeën, wéi een d’Situatioun kann an de Grëff kréien.

D’Gewerkschaften hunn do schonn déi eng oder aner Pist. De Carlos Pereira vum OGBL erënnert drun, datt et vill Scholde géif, déi de Staat der CNS nach net rembourséiert hätt:

“Wéi zum Beispill d’Maternité, déi bei der Reform vun der Assurance Maladie vun 2010 op Propose vum deemolege Minister vun der CNS iwwerholl gouf. Als Géigeleeschtung krut d’CNS eng Enveloppe vun 20 Milliounen Euro. An Tëschenzäit stelle mer fest, dass déi 20 Milliounen net duer ginn an zënter dat Gesetz a Kraaft ass, huet d’CNS schonn iwwer 100 Millioune verluer.”

D’Maternitéskäschte wieren och fir de Christophe Knebeler vum LCGB eng Pist, iwwert déi misst diskutéiert ginn.

Synergië fannen, de System méi effizient maachen an doduerch méi eng schlank Käschtestruktur fannen - dat si fir den Direkter vun der UEL Usätz. D’Cotisatiounen eropsetzen, dat wier keng Optioun, betount de Jean-Paul Olinger.

“Mir hunn aner Weichen, déi mer kënne stellen, fir de System besser ze maachen. Lëtzebuerg huet Lounniewekäschten, fir d’Salariéeën a fir d’Entreprisen, als ee Facteur fir Lëtzebuerg attraktiv ze maachen an attraktiv ze halen. Dofir ass et fir eis kee Krittär, fir einfach mat der Strenz d’Käschten an d’Luucht ze dreiwen. Mir musse kucken, datt mer méi effizient ginn, dass mer d’Suen fir déi richteg Saachen ausginn, an datt mer op deenen Dossieren, op deene mer scho laang schaffen - extra Hospitalier an Digitaliséierung - datt mer déi zäitno ëmsetzen.”

Ouni zousätzlech Suen vum Staat gëtt fir dëst Joer mat engem Defizit vun 48 Milliounen Euro gerechent. Et géif also weider un de Reserve geknabbert ginn. Déi den Ament nach bei 903,2 Milliounen Euro.

PDF Schreiwes AMMD

Back to Top
CIM LOGO