Am August 2022 plënnere sämtlech Mataarbechter vun der CNS an d‘Cité de la Sécurité sociale, en neit Gebai, dat am Gaang ass an der Hollerecher Strooss an der Stad gebaut ze ginn.
Bis dohinner behält d‘Gesondheetskeess hire Sëtz an der Escher Strooss zu Gaasperech. Den Departement „Prestations en espèces“ vun der CNS ass allerdéngs zënter dem November zejoert um Houwald. Eng 75 Mataarbechter schaffen hei a sougenannten „Espaces collaboratifs“, a Gemeinschaftsraim, also vu jee bis zu 8 Persounen.
Déi gelounte Lokalitéite goufe modern ageriicht a speziell amenagéiert fir eng besser Zesummenaarbecht tëscht de Mataarbechter z‘erméiglechen. Haaptbestanddeel ass och en neie Callcenter an deem sech d‘Leit stonneweis ofwiesselen, fir esou ze garantéieren, dass all Uruff vu Clienten entgéint geholl gëtt a parallel awer och un Dossiere ka geschafft ginn.
Duerch di nei Organisatioun hätt een d‘Unzuel vun Abandon‘en vu 50% op 3% kënne reduzéieren. An d‘Waardezäit fir eng Persoun, déi beim Service „Prestations en espèces“ urifft géif bei just nach maximal 30 Sekonne leien.
Bis 2022 wëllen di Responsabel vun der CNS evaluéieren, wéi di nei Schaffmethoden an och den Amenagement vun de Büro- a Reuniounsreim ukommen, fir dann dat neit Gebai zu Hollerech entspriechend ze konzipéieren.Fir de Service um Client wieder ze verbessere sollen d’Agencë vun der Gesondheetskeess an Zukunft eventuell méi laang op sinn. Als Pilotprojet gëtt et vu Februar un eng Nocture bis 6 Auer owes an der CNS Agence zu Hollerech. Bis Mee dëst Joer kommen och 5 nei Agencen am Land bäi, dat zu Wolz, Ettelbréck, Déifferdeng, Esch a Munneref.
Romain Schneider en visite dans les nouveaux bureaux du Département prestations en espèces de la CNS à Hesperange – la CNS se modernise et s’ouvre davantage aux assurés (20.01.2020) | |
| |
Le 20 janvier 2020, le ministre de la Sécurité sociale, Romain Schneider, a visité les nouveaux locaux de la CNS. En effet, le Département prestations en espèces, qui jusqu’en novembre 2019 était localisé à la rue Glesener à Luxembourg-ville, a intégré de nouveaux locaux en attendant le déménagement collectif de la CNS à la Cité de la sécurité sociale prévu dans quelques années. Travail collaboratif dans de nouveaux locaux Les locaux ont été aménagés dans un esprit de modernité. Ainsi, on y trouve des espaces collaboratifs qui favorisent le travail en équipe et rendent possible un traitement plus coordonné d’un dossier. Le département s’est doté d’un centre de contact où sont traités les appels qui concernent les prestations en espèces (remplacement de salaire en cas de maladie et de maternité), ce qui permet de fournir une réponse plus rapide. La CNS à l’écoute de ses assurés L’année 2020 annonce en ce sens d’autres changements innovants. Pour mieux servir ses assurés et surtout pour répondre aux problèmes récurrents d’attente et de débordements, les assurés auront certaines nouvelles possibilités pour pallier ces soucis:
Modernisation et optimisation des agences La CNS a un réseau de 16 agences dans le pays. Les agences de Differdange, Esch, Mondorf, Ettelbruck et Wiltz vont déménager d’ici le début de l’été. Dans ces agences, un nouveau concept d’accessibilité, d’optimisation et d’efficacité sera omniprésent. Dématérialisation La CNS s’est fixée le défi de la digitalisation sous plusieurs formes (myGuichet, scannage du courrier, …). |