
Aktuell:
Vum 25. Dezember un:
2G bedeit, dass nëmme geimpften a geheelte Persounen erlaabt sinn. 2G+ bedeit, dass déi geimpften a geheelte Persounen op der Plaz nach e Schnelltest maache mussen. Persounen, déi schonn hir Booster-Impfung kruten, musse kee Schnelltest op der Plaz maachen.
D’Mesurë gëlle fir de Bannen- a Bausseberäich.
Aktuell:
Sport
Kultur
Vum 25. Dezember un:
D’Schnelltester sinn net obligatoresch, wann d’Masken an d’Distanz agehale ginn.
Och hei gëllt: Persounen, déi schonn eng Booster-Impfung kruten, musse kee Schnelltest maachen.
Aktuell:
Vum 25. Dezember u fir ëffentlech Rassemblementer:
Exceptioune gëlle fir Manifestatiounen an Mäert am Bausseberäich. Hei ass de Mask awer eng Obligatioun.
Persounen, déi schonn hire Booster kruten, musse kee Schnelltest maachen. D’Schnelltester sinn net obligatoresch, wann d’Masken an d’Distanz agehale ginn.
Vum 25. Dezember u fir privat Rassemblementer
Vum 15. Januar un ass de CovidCheck op der Aarbecht obligatoresch. Hei gëllt dann den 3G. Wie kee Certificat virleeë wëll, dierf sech Congé huelen. Kann oder wëll d’Persoun seng Congésdeeg net dofir huelen, kritt d’Persoun de Congé sans Solde.
Fir d’Rentrée no der Chrëschtvakanz gouf eng Maskeflicht fir d’Schüler an d’Enseignanten ugekënnegt.
All Kanner tëscht 5 an 11 Joer kënne vum 23. Dezember un eng Impfung kréien.
Wou ee sech impfen, boosteren a teste loosse kann, kënnt Dir hei noliesen.
Wann den 2G+ gëllt, musse geimpfte Persounen (ouni Booster) en negative Corona-Test virweisen. De Schnelltest kann op der Plaz gemaach ginn.
Ausname ginn et weiderhi fir all Persounen, déi sech aus medezinesche Grënn net kënnen impfe loossen. Dës Persoune mussen awer en Attest an en negative Covid-Test virweise kënnen. Dozou ziele PCR-Tester, zertifiéiert Antigen-Tester a Schnelltester, déi op der Plaz gemaach ginn.
Kanner ënner 12 Joer an 2 Méint musse beim CovidCheck kee Certificat virweisen.