
D’Walprogrammer leie flott an designed do - d’Affichë stinn nieft de Stroossen - an d’Slogane si gewosst - all Partei huet eng Faarf an all Faarf mécht Verspriechen - Engagementer, déi wëlle gehale ginn - a fir déi gekämpft gëtt - duerfir och e Walkampf - oder manner martialesch - eng Campagne.
En Debat iwwert d’gutt Iddien an d’Zukunftsprojeten, déi de Grand-Duché sollen ekonomesch stäerken an d’Leit beieneen halen - Schaffe soll sech lounen - méi Netto vum Brutto - national Unitéit - un der Steierschrauf dréinen - de Mëttelstand stäerken - sozial Disparitéite bekämpfen - d’Betriber un der Staang halen an en nohaltege Wuesstem schafen - am beschte mat enger performanter doucer Mobilitéit an ouni mussen am Stau ze stoen - ëmmer mat der Work-Life-Balance am Bléck.
Lo hätte mer ewell de Gros vun de Walprogrammer resuméiert, mee wéi an a wat ënnerscheede sech d’Projete vun de Parteie wierklech - wéi wäit wëllen déi eenzel Faarwe goen - wat ass rénge Campagne-Haut-Parleur a wat realistesch ëmsetzbar?
Mir kucken Iech duerch d’Foire vun den Iddien ze guidéieren a konfrontéieren d’Politiker mat hire Projeten - duerfir ginn et vun haut un 5 Themewoche mat 5 Schwéierpunkten..mir fänken d’Woch op Internet, Tëlee a Radio mam Sujet Klima a Mobilitéit un - weider geet et mat Gesondheet, Schoul, Kafkraaft a Logement - d’Formater adaptéiere mer dem Sujet no.
D’Palette geet vu politesche Ronnen zu Zwee oder méi - respektiv och dem Froen-Äntwert-Spill mat 5 Froen un bis hin zum “Dir Hutt Wuert” mat Politiker am Studio.
D’Radio-Background-Emissioune pro Bezierk um Samschdeg feelen net wéi och d’thematesch Kloertext-Sendungen Donneschdes, sou datt dir Iech e Bild kënnt maachen, hanner wéi enger Faarf an hanner wiem dir den 8. Oktober d’Kräiz maache kënnt.
E gudde Lancement vun der Campagne proposéiere mer e Méindeg den Owend mat de Resultater vun der aktuellster Sonndesfro, wou d’Ëmfro vun Ilres an Optrag vun RTL an dem Wort duerchgefouert gouf - op d’mannst dann eng Orientatioun, wou d’Rees kéint higoen - loosst iech iwwerraschen - d’Course ass lancéiert.