
D’Pandemie an och rezent Evenementer wéi d’Diskussiounen ëm den IRM um Potaschbierg hätte verschidde Schwächten am Gesondheetssystem opgewisen. Dës Entwécklunge géinge sech awer schlussendlech op d’Käschte vun de Patienten ofspillen. D’Dokteren an d’Gesondheetsstrukture wiere gutt, mee den Accès op d’Medezin wier et net, sou d’Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei. Dës Problemer wiere scho méi laang bekannt, wéi zum Beispill dee vun de laange Waardezäiten ënner anerem an den Urgencen an an der Pediatrie. Dat wier der CSV no net nëmmen eng Fro vun engem Manktem u Personal mee och eng vun Organisatioun, d’Diskussiounen ëm den IRM wieren e gutt Beispill dofir.
An de leschten dräi Joer hätten d’sozialistesch Gesondheetsministeren an deem Dossier net wierklech vill gemaach, sou den CSV-Co-Parteipresident Claude Wiseler
“Dräi Gesondheetsministeren hunn an deem Kader näischt gemaach, si hunn deen Dossier einfach verfaule gelooss. Um Terrain hunn d’Saache sech awer beweegt, d’Leit um Terrain hate Suergen, si hu Problemer an hu probéiert, en IRM ze installéieren a kréien da vun der Ministesch reprochéiert, sech ausserhalb vum Rechtsstaat ze beweegen.”
Lo hätt d’Ministesch séier e Gesetzestext deposéiert, fir d’ambulant Offer ze reegelen. Dëse wier awer ze vill op d’Spideeler fokusséiert a géing der privater Medezin keng Chance ginn. Dem Claude Wiseler no hätt seng Partei esou een Text net deposéiert:
“Mir hätten en Text gemaach, deen d’Privatinitiativ autoriséiert an ënnerstëtzt, eng ganz aner Gesondheets-Philosophie, wéi déi, déi hei momentan ugewannt gëtt, mat dem Prinzip, datt mer keng Zwouklassemedezin wëllen, datt mer d’Qualitéit vun der Medezin wëllen oprecht erhalen an datt mer de Käschtepunkt wëllen am Grëff behalen an haaptsächlech datt dee selwechte Präis fir dee selwechten Acte am Spidol an am Private soll bezuelt ginn.”
Iwwerdeems huet d’CSV-Fraktioun d’Digitalisatioun am Gesondheetssecteur kritiséiert. Zum Beispill sollt d’Teleconsultatioun weider ausgebaut ginn, heifir bräicht een awer e klore legale Kader, zum Beispill wann et ëm Tarifikatiounen a Remboursementer geet.