
D’CSV fuerdert verstäerkt Kontrollen bei den Deplacementer, déi iwwert d’Grenzen erausginn. Do wou et méiglech ass, misst och dringend op Télétravail zeréckgegraff ginn. Den CSV-President Frank Engel seet am RTL-Interview, datt d’steierlech Limitte fir Télétravail vu Frontaliere missten ausser Kraaft gesat ginn. D’Regierung misst dat direkt mat den Nopeschregiounen klären.
De Frank Engel freet och manner Beweegungen am ëffentlechen Transport. Hie kann net richteg novollzéien, fir wat Evenementer a Rassemblementer vu Leit annuléiert ginn, iwwerdeems Leit sech weider an Zich drécken. Wat d’Schoulen ubelaangt, freet den CSV-President, datt spéitstens wann et um Territoire sollt Infektioune ginn, eng "länger Ouschtervakanz" ubruecht wier.
De grénge Mobilitéitsminister François Bausch reagéiert follgendermoossen: Bei all de Mesurë géing et ëm d'Andämme goen an do misst ee Kompromësser agoen. D’Gesellschaft misst kënne weider funktionéieren. Duerch de Coronavirus an déi Mesuren, déi schonn a Kraaft sinn, wieren awer scho manner Deplacementer festzestellen.
Zur Fro vum Télétravail fir Frontaliere gouf et en Donneschdeg de Moien dann och eng Reaktioun vum LSAP-Wirtschaftsminister. De Franz Fayot sot: Et sinn Diskussiounen am Gaang mat de Nopeschlänner, fir d’Accorden iwwert d’Net-Duebelbesteierung esou ze änneren, datt Frontaliere méi laang kënne vun doheem aus schaffen, ouni awer datt se dann an deem Land, wou se schaffen an an deem wou se liewen, musse Steiere bezuelen. Kann dat dann direkt gemaach ginn?
De Franz Fayot huet en Donneschdeg de Moien och de Point gemaach iwwert d’Mesuren, déi virgesi si fir d’Entreprisen, déi duerch d’Corona-Kris betraff sinn. Nieft der Kuerzaarbecht huet d’Regierung e Mëttwoch e Gesetzprojet op den Instanzewee bruecht, fir bei "aussergewéinlechen Evenementer" bis zu 200.000 Euro Hëllef u kleng a Mëttelbetriber kënnen ze ginn.
Donieft wier een un d’EU-Kommissioun erugetrueden, fir d’Erlabnis ze kréie fir Betriber bis zu 500.000 Euro forfaitär Hëllef kënnen ze ginn oder eng staatlech Garantie ze ginn, wa se Sue bei enger Bank wëlle léinen. Déi Mesurë géingen dem Franz Fayot no aktuell duergoen, mä et géing een all Dag d’Situatioun nei evaluéieren. Hie geet dovunner aus, datt nach méi Betriber déi nächst Deeg wäerten Hëllef ufroen. Déi lescht 7 Deeg hu 50 Betriber Kuerzaarbecht ugefrot.

D'Chamber huet dann och an engem Communiqué bekannt ginn, dass international Versammlungen, sou wéi Deplacementer an d'Ausland bis den 3. Abrëll annuléiert, respektiv op en aneren Datum verréckelt gouf.
Och d'Gruppevisitten an der Chamber goufe bis den 3. Abrëll ofgesot, nei Visitte gi bis dohinner och net ageplangt. D'Kommissiounssëtzungen, sou wéi déi ëffentlech Seancen, solle wéi geplangt oflafen.