CNSD'Digitalisatioun am Dokter-Cabinet an hir Limitten

Tim Morizet
Mëtt 2023 soll de PID, de Paiement immédiat direct, bei der CNS prett sinn.
Digitalisatioun am Dokter-Cabinet an hir Limitten
Mëtt 2023 soll de PID de Paiement immédiat direct bei der CNS prett sinn.

Konkret heescht dat, datt wann ee bei den Dokter geet, een direkt just nach seng Parte vun der Rechnung bezilt a Paperassen un d‘Gesondheetskeess ewechfalen. Fir d‘Etapp bis dohin ze iwwerbrécken an d‘CNS – mat aktuell 6 Woche Waardezäite beim Traitéiere vun den Dokter-Rechnungen - ze entlaaschten, gouf d‘lescht Joer den acceleréierte Remboursement presentéiert. Dëse fonctionéiert digital - bis ewell awer ouni Succès. Et staut zu Lëtzebuerg – an dat och bei Digitalisatioun am medezinesche Beräich – dat aus verschiddene Grënn.

Digitalisatioun CNS - Reportage Annick Goerens

Et ass den idealen Zenario: De Patient huet e Rendez-vous beim Dokter. No enger Routine-Ënnersichung gëtt d‘Rechnung geprint a bezuelt. Gläichzäiteg taucht se – an enger App – um Handy op – mam Detail vum Traitement. An - e puer Klicks méi spéit – ass se bei der CNS ageschéckt.

Gabriele Pautler, eng Patientin: „Et ass vill méi einfach. Et brauch een net méi iergendwellech Enveloppen ze maachen a an alles anzeschécken an deemno wéi 6 bis 8 Wochen ze waarden. Hei kann een alles direkt fortschécken an an zwee bis dräi Deeg huet een alles rembourséiert. Et ass extreem einfach. [...] Et kéint ee sech och virstellen, dass eng E-Prescriptioun op déi App géing kommen. Déi kéint een dann och un de Laboratoire weiderginn, déi kéint mam Patient interagéieren a kéint him da soen, dass hie virun der Bluttanalys näischt soll iessen. Dat selwecht kéint ee sech mat de Medikamenter virstellen.“

Ma vun dëser Realitéit ass een zu Lëtzebuerg aktuell wäit ewech. Nom Start vum digitale Remboursement 2021 war een dovun ausgaangen, datt 700 vun den aktuell 3.000 Doktere géife mat dësem System schaffen.

Christian Oberlé, President vun der Gesondheetskeess - CNS: „Do hu mer alleguer gemierkt, datt de ganze Prozess méi komplex ass, wéi mer eis dat geduecht haten: notamment mat de Logicielle vun den Dokteren. Haut gi mer dovunner aus, datt eng 70 bis 90 Dokteren theoretesch prett sinn, eis d‘Rechnungen digital ze schécken a mat de Patiente via App ze kommunizéieren. Praktesch schaffen awer just eng 40 Doktere mam Programm.“

Sief dat iwwert d’CNS oder d’GesondheetsAPP. Et ass een universelle System dohannert, deen zesumme mat der AMMD, der Dokter Associatioun, geplangt gouf. An genee dës huet intensiv um Projet matgeschafft. A bedauert elo, no engem Joer an engem Milliounen-Investissement, beim Developpement vun hirer App ausgebremst ze ginn.

Dr Guillaume Steichen, Member AMMD – Matgrënner GesondheetsApp: „Mir wollten eng global Visioun fir de Patient hunn, fir datt dëse via App seng Rechnunge kann un d‘Gesondheetskeess weiderleeden. Mee gläichzäiteg war et d‘Iddi, datt de Client kéint e Rendez-vous bei sengem Dokter huelen, e kéint d‘Rechnung den Detail vu sengem Remboursement duerno och direkt un d‘Zousazversécherung weiderleeden. Mir haten en Accord Politique fir eng global Solutioun. Leider ass et elo sou, datt de Perimeter elo just nach op eng Rechnung, déi de Patient kritt an duerno ka verschéckt ginn, limitéiert ass.“

D’Digitaliséierung misst virukommen, esou den Opruff vun der Doktesch-Associatioun: „Den Appell ass elo ganz kloer un de Staatsminister. Deen ass net just Chef vun der Regierung, mee och de Minister vun der Digitaliséierung. An deem Sënn huet e sech och a senger Ried an der Chamber zur Lag vun der Natioun fir de Projet mat der AMMD ausgeschwat. Net laanscht se, net géint se. A mir gesinn hei elo keng aner Optioun, wéi dass hien dësen Dossier elo selwer an d’Hand hëlt an erëm den Dialog probéiert mat eis ze sichen. Am Interêt vun all de Bierger hei am Land, déi den Ament am Reen stoe gelooss ginn, well se 6 Woche musse waarden, fir eng Rechnung vun der CNS rembourséiert ze kréien, wat absolut skandaléis ass.”

D’CNS géing eng Rei gutt Léisungen ënnerstëtzten – och neier, déi an Zukunft kommen. Ausgebremst gëtt keen. De fräie Marché géif dominéieren.

Nach eemol de Christian Oberlé: „Si hu Saachen opgebaut, déi gutt sinn, mee si sinn en Editeur wéi en anere fir eis. A si als Editeur mussen de Wee fannen, fir dat bei de Public ze bréngen. Mir, an deem Sënn, datt mir soen, datt mer et ënnerstëtzen, soe jo esou, datt de Produit Funktionalitéiten huet an e gudde Produit ass. Mir hu jo an eiser Kommunikatioun net gesot, datt mer verschidde Funktionalitéiten net géifen ënnerstëtzen. Dat ass schonn de globale Produit ewéi si en developpéiert haten, dee mir ënnerstëtzen.“

Wei dësen “digitalen"Ping- Pong-Match tëscht CNS an der AMMD ausgeet, bleift ofzewaarden. Ofwaarde muss, ewéi sou dacks, de Patient.

Back to Top
CIM LOGO