Bei hëtzege 37 Grad hunn déi 21 CSV-Deputéiert op déi chargéiert parlamentaresch Sessioun zeréckgekuckt. Déi gréisst Oppositiounsfraktioun verweist ënner anerem op 5 Gesetzpropositiounen, 23 Amendementer, 58 Motiounen a Resolutiounen, esou wéi allgemeng op eng Rei wichteg Dossieren, op deene geschafft gi wier. Leider géing d’Regierung d’Chamber net eescht huelen, d’Prioritéite falsch setzen a villes ënnert den Teppech kieren, sou d’CSV.
“Blo, Rout a Gréng haten ee grousst Verspriechen an dat hu se net gehalen, dat war, d’Steierreform duerchzéien.”, esou d’Co-Fraktiounscheffin Martine Hansen.
D’Leit hätten dat Blot vum Himmel versprach kritt, lo géingen Excusë gesicht ginn an alles op de Krich an op d’Pandemie gedréckt ginn. Derbäi kéim, datt d’DP-Finanzministesch Yuriko Backes d’Deputéiert an de leschten Deeg dach awer e bëssen “verschaukelt” hätt, fënnt de Co-Fraktiounschef Gilles Roth.
“No der Debatt huet si eng Schwaarzmolerei gemaach. Et kéint een d’Leit net steierlech entlaaschten, et wiere keng Suen do. Gëscht hu mer an der Finanzkommissioun net schlecht gestaunt, wéi si sot, datt an den éischte 6 Méint déi schaffend Leit méi wéi 450 Millioune méi Steiere bezuelt hunn ewéi am éischten Hallefjoer 2021.”
Alt wéinstens wéilt d’Finanzministesch elo der Propos vun der CSV Rechnung droen an den Tankrabatt verlängeren, sou de Gilles Roth. Ma dat wier leider net Reegel, d’Parlament géif allgemeng net eescht geholl ginn a kéint senger Aufgab als Kontrollorgan net gerecht ginn.
“Et ass scho bal e Kadavergehorsam vu Blo-Rout-Gréng géintiwwer der Regierung.”
Gaardenhaischen, Superdreckskëscht, Valorlux, Militärsatellit; iwwerall géif d’Majoritéit zum Beispill Enquêtëkommissioune blockéieren. Och an aneren Dossiere géing versot ginn, respektiv d’Prioritéite falsch gesat ginn, Beispill: Cannabis.
“Datt ee 4 Planze kann doheem uplanzen, dat fanne mer méi wéi donieft, well et net contrôlabel an net realistesch ass.”, esou de Co-President Claude Wiseler, fir deen d’Gesetz fir eng Impfflicht scho laang hätt kënne preparéiert sinn. Och a Punkto IRMen hätt d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert d’Land an eng total onnéideg Situatioun eramanövréiert.
D’Sécherheetspolitik vum Policeminister Henri Kox géing op grénger Ideologie baséieren, bedauert den Deputéierte Léon Gloden. Platzverweis a Kierperkamerae wieren de Mérite vun der CSV. Dës Mesurë kéimen awer spéit a beim Platzverweis wier d’CSV gär méi wäit gaangen.
D’CSV ass es da midd op der Oppositiounsbänk. No zwou Legislaturperiode Paus ass d’Zil fir dat anert Joer kloer.
“Mir géinge gären d’Wale gewannen a bei der nächster Regierung participéieren. D’CSV wëll stäerkste Partei bleiwen a mir wëllen an déi nächst Regierung.”
Ob ee prinzipiell bereet wier, och als Junior-Partner eng Koalitioun anzegoen, déi Fro blouf ouni Äntwert