80 Joer DeportatiounDe 16. Oktober 1941 goufen déi éischt Lëtzebuerger deportéiert

RTL Lëtzebuerg
Virun 80 Joer goufen déi éischt Lëtzebuerger op der Stater Gare deportéiert. 323 Judde goufen op Litzmannstad a Polen bruecht.
80 Joer Deportatioun
Virun 80 Joer goufen déi éischt Lëtzebuerger op der Stater Gare deportéiert. 323 Judden goufen op Litzmannstad a Polen bruecht.

Et war deen éischten an och gréissten Deportatiounszuch, dee vu Lëtzebuerg aus Richtung Oste gefuer ass.

Um Freideg huet de Comité Ausschwitz an d’MemoShoah un dës trauregt Kapitel an der Geschicht erënnert. Zäitzeie ginn et bal keng méi an dowéinst ass et un den nächste Generatiounen, fir d’Memoire um Liewen ze halen, seet de Marc Schoetgen, President vum Comité Auschwitz.

D’Gedenkzeremonië ronderëm dëse Joresdag stinn ënnert dem Motto Grenzenlos Gedenken. Net just zu Lëtzebuerg, ma och an Däitschland, zu Tréier, zu Schweich an zu Wittlich si Commemoratiounsfeierlechkeete geplangt.

Och 190 däitsch Judde goufen een Dag drop vun Tréier aus deportéiert.

Back to Top
CIM LOGO