Nees e RehabilitatiounszenterDe 17. Juli mécht Covid-Spidol zu Kolpech seng Dieren zou

Christophe Hochard
No dësem Datum wäert am Schlass zu Kolpech den Zenter vum Roude Kräiz nees Leit empfänken, déi eng Rehabilitatioun musse maachen.
De 17. Juli mécht Covid-Spidol zu Kolpech seng Dieren zou
No dësem Datum wäert am Schlass zu Kolpech den Zenter vum Roude Kräiz nees Leit empfänken, déi eng Rehabilitatioun musse maachen.

De 17. Juli wäert dem Rehabilitatiounszenter vum Roude Kräiz zu Kolpech seng Funktioun als Covid-19 Spidol op en Enn goen. Zanter dem Ausbroch vun der Corona-Epidemie huet Kolpech Patienten opgeholl, déi no engem éischten, urgenten Traitement an engem vun den 4 Haaptspideeler, CHL, Kierchbierg, Esch oder Ettelbréck, fir weider Soinen an d’Croix-Rouge-Institutioun transferéiert goufen. An der Moyenne blouwen d’Patienten eng 14 Deeg zu Kolpech.

Net grad 100 Covid-19-Patiente goufen zanterhier zu Kolpech betreit. Zu kengen Ament waren d’Better,80 am ganzen, komplett beluet. Aktuell sinn nach 19 Leit a Behandlung. Och Refugiéë a Mënschen ouni feste Wunnsëtz hunn hei am Zenter e Refuge fonnt.

Nom 17. Juli wäert d’Personal vu Kolpech nees lues a lues Leit fir Rehabilitatiounszwecker ophuelen.

Back to Top
CIM LOGO