Au Contraire, et gëtt weiderhi fläisseg bei der Lëtzebuerger Post rekrutéiert. An zwar mat engem Jobdag fir Bréifdréier, deen och immens vill Succès huet.
Net manner wéi 450 Leit hate sech fir dës Editioun vum Jobdag gemellt an eng 30 Kandidaten goufen zeréckbehalen, déi e Mëttwoch dann am Centre de Disribution vun der Post op der Cloche d‘Or waren, wou se de Metier sur place gewise kruten, erkläert d‘Carole Lauff vun de Ressources humaines bei der Post.
“Si hunn eng Presentatioun iwwer wat d’Post ass a wat mer bei der Post maachen a wat am Fong de Beruff vum Bréifdréier ass. An dann hu se duerno een Test, fir ze kucken, ob se och gutt nogelauschtert hunn an ob se alles verstanen hunn. An dann nom Test kréie se den Verdeelungszentrum gewisen, fir och wierklech reell ze gesinn, wat een do mécht an wat de Beruff vum Bréifdréier genee ass. Wärend där Zäit gëtt den Test verbessert a wann den Test gutt ofgeschloss gouf, hu se Mëttes direkt een Interview.”
Am Idealfall kéint een hinnen dann Owes Bescheed soen, ob se et gepackt hunn oder net. Wat sinn d’Viraussetzunge fir kënne Bréifdréier ze ginn? Den Marvin Divo, Formateur bei der Post, erkläert:
“Et muss ee gär a Kontakt si mat de Leit. Dat ass dat alleréischt. Et muss ee kënnen autonom schaffen, dat ass och ganz wichteg, well de Bréifdréier fänkt Moies um 6 Auer un. Et seet keen him wat hie muss maachen. Hien hëlt seng Aarbecht a mécht seng Aarbecht autonom bis zum Schluss. Hie muss de Fürerschäin hunn, natierlech, well de Bréifdréier ass mobil. An hie muss gären dobausse sinn.”
De Marvin Divo war selwer 25 Joer laang Bréifdréier an ass elo Formateur – nach ëmmer mat ganz vill Passioun.
“De Beruff selwer ass extrem sexy an et ass mat de schéinste Beruff, deen et iwwerhaapt gëtt. Firwat? Ma du bass ëmmer mat positive Leit a Kontakt. Du gees eraus bei d’Leit an egal wéi, d’Leit kommen dem Bréifdréier ëmmer positiv entgéint. An du bass nach hautzedaags – an dat gëtt dacks ënnerschat – déi eenzeg Persoun, déi d’Leit gesinn, an dat ass extrem valorisant.”
Déi Kandidaten, déi e Mëttwoch beim Jobday zeréckbehale goufen, kommen elo an d’Post-Schoul. Do kréie se 2 Wochen Theorie- an 3 Woche praktesch Ausbildung iert se op den Terrain lassgelooss ginn. Den nächsten Jobdag ass iwwregens Enn Mee/ Ufank Juni.