De Muffel gëtt et zu Lëtzebuerg am Ourdall, am nërdlechen Uewersauergebitt an an der Géigend vun Iechternach. Ma virun allem an de Bëscher ronderëm Iechternach mécht de Muffel grousse Schued. Dowéinst huet den Ëmweltministère och eng administrativ Juegd ugekënnegt, dat op Ufro vun der Gemeng Iechternach. Dës Entscheedung gouf virun allem op de sozialen Netzwierker immens kritiséiert an emotional diskutéiert. Mä wéi gesäit de Schued, deen de Muffel uriicht, eigentlech aus?
Op 150 gëtt d'Zuel vun de Muffelen an der Géigend vun Iechternach geschat. Et wier virun allem déi grouss Unzuel vun dësen Déieren, déi fir e flächendeckende Schued géing suergen, heescht et vun der Naturverwaltung.
E Fierschter hëlt eis mat an de Bësch. Op enger Plaz op der Iechternacher Haardt gesäit een däitlech de sougenannte Verbassschued bei der Naturverjungung vun de jonke Buchen. Dat bedeit, dass d'Beem net nowuessen kënnen, well d'Muffelen dës ëmmer erëm uknabberen. Nieft dem Verbassschued, suergen d'Déieren och fir de Schielschued, well si d'Schuel vum Bamstamm iessen an de Bam doduerch ugräifbar maache fir Krankheeten.
Vu wéi engem Déier de Schued kënnt wier eendeiteg, seet den Dr. Laurent Schley, Biolog vun der Naturverwaltung.
Dr. Laurent Schley: An dësem Bësch sinn elo keng Hirschen en masse an Réi schielen keng Beem. Dat heescht hei ass elo de Muffel dat eenzegt Déier, wou esou eppes mécht.Ausserdeem wier de Schued genee op der Héischt vun de Muffelen. Ma dass et am Raum Iechternach esou vill Muffelen gëtt, wier op méi Grënn zeréck ze féieren.
Dr. Laurent Schley:Well vläicht awer bei der Juegd déi lescht 20/25 Joer e bëssen ze vill de Fokus op männlech Déieren, also op Trophäe geluecht ginn ass. An dat ass net onbedéngt eng natierlech Selektioun, déi géing bestoen wann een déi grouss Beutegreifer hätt, wéi de Wollef oder de Luchs, déi dann och eng reell Regulatioun vum Bestand géingen virhuelen.
Deen Ofschossplang, deen am Juegdgesetz vun 2011 festgehalen ass, wier also net agehale ginn. Dofir wier elo eng administrativ Juegd geplangt, déi vun der Gemeng Iechternach ugefrot gouf, betount den Dr. Laurent Schley vun der Naturverwaltung.
Dr. Laurent Schley: Och wann ech elo perséinlech net op d'Juegd ginn, ass et wichteg, dass hei elo agegraff gëtt, well hei ass iwwer Joeren näischt gemaacht ginn oder op jidder Fall net vill an déi Situatioun ass elo net méi tragbar.D'Diskussioun ronderëm dës geplangte Chasse Administrative ass virun allem an de soziale Netzwierker emotional diskutéiert ginn. Ma wann een d'Zuelen vergläicht, wier dat net ganz ze verstoen.
Dr. Laurent Schley: Mir schwätzen elo hei bei der administrativer Juegd vun 52 Muffelen, déi op deem Plan de Tir feelen. Wann een d'Gesamtzuelen kuckt vun den Déieren, déi am Joer geschoss ginn am ganze Land, bei der normaler Juegd kann een soen, do sinn mer no bei 15.000. Sou dass net ganz ze verstoen ass, wisou elo déi 52 Muffelen esou e Problem sinn.Déi administrativ Juegd wier streng reguléiert, esou den Dr. Laurent Schley weider. Et soll eng Usëtzjuegd sinn an d'Fleesch vun den Déieren, déi geschoss ginn, soll och verwäert ginn.