Schueberfouer 2019De Bilan vun der Police fält insgesamt positiv aus

RTL Lëtzebuerg
D'Beamte ware fir 120 Asätz geruff ginn, ënnert anerem 15 Mol, well Leit ze vill gedronk haten, 13 Mol koum et zu kierperlechen Ausernanersetzungen.

2 Mol si Persoune gewalttäteg ginn, fir eppes ze klauen. 26 Mol da goufe Wäertgéigestänn geklaut, déi Zuel wier awer net definitiv.

13 Mol gouf een Auto wärend der Fouerzäit ofgeschleeft, well se net richteg geparkt waren.

An dann nach eng Zuel: 107 Mol goufen Objete bei der Police ofginn, déi fonnt goufen. Dobäi handelt et sech ëm Portmonnien, Schlësselen oder och nach Handyen.

Back to Top
CIM LOGO