Minister BauschDe Bouneweger Lycée soll en neit Gebai kréien

RTL Lëtzebuerg
De Gesetzesprojet fir den Ausbau vum LTB soll nach dëse Summer deposéiert ginn.

Dat geet aus der Äntwert vum Minister fir ëffentlech Bauten, François Bausch, op eng parlamentaresch Fro vun der CSV ervir. Gëtt d’Gesetz gestëmmt, kéinten d’Aarbechte Mëtt nächst Joer ufänken.

Am beschte Fall kéinten dann am Joer 2029 déi éischt Schüler hei enseignéiert ginn. Am aktuelle Gebai vum LTB soll den nationalen Zenter fir d’Formation professionelle continue ënnerkommen, deen aktuell op eng ganz Rei verschidde Sitte verspreet ass.

Back to Top
CIM LOGO