RIPDe Camille Studer ass am Alter vu 85 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Camille Studer hat eng erfollegräich Karriär. Hien huet de Luxemburgerli erfonnt, den éischte Cactus matgegrënnt an d'Provençale opgebaut.
Am Juli 2015 war de Camille Studer Invité an der Emissioun Live! Planet People.
Am Juli 2015 war de Camille Studer Invité an der Emissioun Live! Planet People.

E Mëttwoch de Moien ass de Camille Studer am Alter vu 85 Joer verscheet. De fréiere Chef vun der Provençale huet an de 50er Joren zu Zürech eng Léier als Confiseur gemaach an ass de Papp vun de Luxemburgerli, enger méi raffinéierter Versioun vun de franséische Macaronen.

De Camille Studer stoung 20 Joer laang un der Spëtzt vun der Jeeërfederatioun FSHCL. Hien ass an der Nuecht op e Mëttwoch am Alter vu 85 Joer gestuerwen.

Live! Planet People vum 9. Juli 2015 - Mam Camille Studer
De Camille Studer kuckt op eng erfollegräich Karriär zeréck. Hien huet de Luxemburgerli erfonnt, den éischte Cactus matgegrënnt an d'Provençale opgebaut.

Back to Top
CIM LOGO