3 Ambulanzen an ënnert anerem och eng Dréileeder huet dësen Zenter. Geschafft gëtt am 3 Schichte-System. Eng Schicht dauert 8 Stonnen. D’Nuetsschicht gëtt grosso modo vu fräiwëllege Pompjeeën assuréiert. Bannent kierzter Zäit kënnen d’Rettungsween erausfueren. D’Ausréckzäit vum Moment vum Alarm un ass fir d’Ambulanze bei 2 Minutten, an 10 Minutte bei de Pompjeeën, ausser d’Kasär wier besat, da sinn et och 2 Minutten. Zil vum CGDIS ass et, dass den éischte Pompjee spéitstens 15 Minutten nom Alarm op der Asazplaz ukomm ass, fir ze hëllefen. Dëst Joer kënnt de CIS Mamer op eng 4.000 Asätz.
De CGDIS huet am Ganzen 19 Dréileeder-Gefierer, dovu stinn der 6 am Süden. D’Leit um 112 decidéieren, wat fir eng Ween gebraucht ginn, fir op en Asaz ze fueren. Bei engem Zëmmerbrand an engem Haus, ginn z.B. Minimum zwee Läschgefierer geschéckt, eng Dréileeder, en Asazleeder an eng Ambulanz.
Eng Dréileeder ka bis op eng Héicht vun 30 Meter erausgefuer ginn. An der Moyenne kascht en Dréileeder-Camion em déi 650.000 Euro (htva).
A Propos Dréileeder. Sou eng haten och d’Keeler Pompjeeën an der Zäit. Dem Buergermeeschter no géif dat bei 15.000 Awunner och Sënn maachen. Wéi de CGDIS gegrënnt gouf, sinn all d’Gefierer vun de verschiddene Corpsen iwwerholl ginn, wouduerch déi Leeder elo dem CGDIS gehéiert an net méi zu Keel stationéiert ass.
An hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Pirate confirméiert d’Inneministesch Taina Bofferding, dass de Keeler CGDIS keng Dréileeder méi huet. Wat zum schroe Brand op Niklosdag zu Keel gefouert huet, muss eng Enquête erausbréngen. Den Ament gëtt nach op den Ofschlossrapport gewaart.
Am Géigesaz zu Mamer ass den Zenter Koplescht/Briddel ganz op Benevolat opgebaut. 22 Pompjeeën an ee Läschgefier huet den Zenter. Si schaffen am Permanence-System. Am Duerchschnëtt kënnt een hei op 130 Asätz d’Joer.
Sief drun erënnert, dass vum 1. Januar un et obligatoresch ass en Dampmelder an der Wunneng installéiert ze hunn.
