Bei dräi AccidenterDe CGDIS mellt véier Blesséierter vun eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch am spéide Moie respektiv fréien Nomëtteg war de CGDIS dräi Mol bei Accidenter op eise Stroossen am Asaz.
© RTL Archiv

Kuerz no 10.50 Auer hate sech tëscht Schieren an Ettelbréck op der B7 zwee Camionen an en Auto ze pake kritt. Zwou Persoune goufen hei blesséiert. Op der Plaz waren d’Ambulancieren aus der Nordstad an d’Pompjeeë vu Schieren- Colmer-Bierg.

Um 12.35 Auer sinn dann am Rond-point Iergäertchen zwee Autoen aneneegerannt. Hei gouf et ee Blesséierten. D’Stater Pompjeeën an Ambulanciere waren am Asaz.

Eng weider Persoun gouf da blesséiert, wéi sech kuerz virun 13.30 Auer tëscht dem Tunnel Houwald an der Sortie fir an de Rond-point Iergäertchen zwee Autoen ze pake kruten. Och hei waren d’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus der Stad op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO