RekrutementDe CGDIS sicht no Fräiwëllege fir de Groupe de Sauvetage Aquatique

Andy Brücker
Dir fillt Iech wuel am Waasser a wëllt Iech an de fräiwëllege Pompjeeën engagéieren? Dann ass dëst eventuell genee dat richtegt fir Iech.
© CGDIS

De GSAQ (Groupe de sauvetage aquatique) gëtt ëmmer da geruff, wann et zu Pompjeesasätz am Waasser kënnt, sief et z.B. fir Leit ze retten oder Géigestänn ze biergen.

Fir als Kandidat a Fro ze kommen, muss een:

  • op d’mannst 18 Joer al sinn
  • schwamme kënnen
  • aktive Member am CGDIS sinn oder ginn
  • disponibel si fir déi néideg Formatiounen ze maachen, déi sech iwwert en Zäitraum vun 2 Joer zéien
  • an Zukunft un de Garden an Asätz vum GSAQ deelhuelen.

D’Formatioune fänken de 15. Mee un.

Éier een do kann drun deelhuelen, muss ee bei enger Selektiounsprozedur matmaachen. Hei huet een nieft engem perséinleche Gespréich de 14. Januar 2023 och nach e Schwamm-Test.

Weider Informatioune fënnt een op www.112.lu ënnert dem Punkt “Recrutement”. Hei ass z.B. schonn de komplette Kalenner vun de Formatiounen ze gesinn.

Leit, déi hir Kandidatur wëlle stellen, kënne sech beim CGDIS mellen um 497712332 oder via Mail op volontariat@cgdis.lu. Et huet een nach bis den 9. Januar Zäit. D’Formatioune fänken, wéi gesot, dann de 15. Mee un an daueren zwee Joer.

Back to Top
CIM LOGO