
Bei deem Brand war jo e Jong vu 6 Joer gestuerwen. 11 Persoune goufen an d’Spidol bruecht. Alles an allem sechs Familljen hunn am eelere Gebai gewunnt. Vill vun hinne goufen elo mol bis den 11. Januar an eng miwweléiert Wunneng op Esch-Raemerich relogéiert.
Sou e “Retour d’expérience” wier üblech bei gréisseren, respektiv speziellen Asätz, schreift d’Inneministesch Taina Bofferding op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten. Explikatioune vun der Regierung an der Chamber wieren an dësem konkrete Fall net néideg. Dat géif just bei nationale Katastrophen oder Krise gemaach ginn, bei deenen en nationale Kriseplang declenchéiert gouf.
D’Informatiounen, déi de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police a sengem Rapport zesummendréit, ënnerleien der LSAP-Ministesch no dem Untersuchungsgeheimnis.
D’Taina Bofferding confirméiert, datt den Zenter vu Keel-Téiteng keng Dréileeder, respektiv keen Teleskopmast méi hat. Déi wieren zanter Juni 2021 net méi do stationéiert gewiescht. Den Teleskopmast vum Asazzenter vu Schëffleng wier awer no 16 Minutten op der Plaz gewiescht. D’Dréileeder wier vun Diddeleng komm. Wéi séier déi zu Keel war, geet aus der Äntwert op d’parlamentaresch Fro net ervir. Der Inneministesch no hätt de CGDIS am ganzen 19 sou Gefierer am Land, dovunner der sechs am Süden.