A sengem Message huet de Fernand Etgen vun engem schwéiere Joer 2021 geschwat, dat natierlech wéinst de Pandemie. Awer och wéinst den uergen Iwwerschwemmungen a well d’Demokratie op d’Prouf gestallt gouf. Seng Onzefriddenheet zum Ausdrock bréngen an demonstréieren, dierft een. D’Chamber wëlle stiermen, sech mat Juddestäre victimiséieren, Politiker a Journaliste menacéieren - domadder géif awer een ons déifste Wäerter blesséieren. 2022 wäert d’Lat dowéinst och ganz héich leien, fir ee Gläichgewiicht ze fannen tëschent individuelle Fräiheeten, kollektive Wäerter a gesellschaftleche Prioritéiten, esou de Chamberpresident Etgen.
Hien ass awer zouversiichtlech, datt d’Chamber bei der Diskussioun iwwert d’Impfflicht lo direkt am Januar derzou wäert bäidroen, déi Equatioun ze léisen.
2021 war e Joer vun enger neier Normalitéit, esou de Chamberpresident Fernand Etgen. Ons Gesondheet wier awer nach ëmmer a Gefor:
“2021 war d’Joer, wou mer lues a lues geléiert hunn, mam Virus ze liewen. Ouni dat wierklech ze wëllen. D’lescht Joer hu mer op eemol Liicht um Enn vum Tunnel gesinn – wéinst den Impfungen. Mee et war och e Joer, wou mer an de leschte Méint gemierkt hunn, dass mer nach net aus dem Tunnel raus sinn.”
Falsch Fakten ze verbreeden hätt och Näischt mat Meenungsfräiheet méi ze dinn. Iwwer 900 Doudeger wier keng Meenung. An et géif och keng Fräiheet ginn, dat anescht ze gesinn. Fir 2022 wënscht sech den éischte Bierger am Land, datt een nees zesumme fënnt:
“Fir 2022 wënschen ech mer, dass d’Politik an aller Transparenz mam gudde Beispill virgeet, fir dass mat Argumenter geschafft gëtt, dass Brécke gebaut ginn am Dialog a mat Empathie. Ech wënsche mer, dass keng rout Linne méi iwwerschratt ginn. Ech wënsche mer, dass mer eis net de Réck zoudréinen, mee um nämmlechte Strang zéien. Eisen eenzege Feind ass de Virus.”
Et géif drëm goen, e Gläichgewiicht ze fannen tëschent individuelle Fräiheeten, kollektive Wäerter a gesellschaftleche Prioritéiten, seet de Chamberpresident Etgen.
