Taux louch bei 6,4%De Chômage blouf um Enn vum leschte Joer stabel
RTL Lëtzebuerg
Op den 31. Dezember ware knapp 20.000 Leit bei der Adem ageschriwwen. Dat sinn 3.386 Persoune méi wéi am Dezember 2019.
Update: 11.12.2025 15:32
D'Zuel vun de Leit, déi vun enger Chômage-Indemnitét profitéieren, ass op d'Joer gekuckt ëm 22% eropgaangen. Et si lo 9.911 Mënschen. Am Dezember goufen 2.275 fräi Poste bei der Adem deklaréiert.