Am OktoberDe Chômagetaux klëmmt op 5,6 %

RTL Lëtzebuerg
Am Oktober ware 16.927 Leit bei der ADEM ageschriwwen. Dat sinn 2.258 Chômeure méi wéi zejoert ëm déi selwecht Zäit.

Déi stäerkst Hausse gouf et bei den Héich-Qualifizéierten an de Jonken ënner 30 Joer. Ënner anerem Leit aus dem Finanz- an aus den Immobiliësecteur si betraff. Op d’Joer gekuckt gëtt et 28% méi Persounen, déi Chômage bezéien. Enn Oktober waren 8.571 fräi Posten deklaréiert. En Drëttel manner wéi zejoert ëm déi selwecht Zäit.

PDF: Chômagezuele vum Mount Oktober

Back to Top
CIM LOGO