
De Chômagetaux ass domadder méi niddreg wéi nach virun der Pandemie. De Gros vun de Leit, déi bei der Adem ageschriwwe sinn, sinn dëst scho méi wéi 12 Méint laang.
D’Zuel vun den nei-ageschriwwene Leit bleift weider ganz geréng. Leschte Mount waren et 2.260 Residenten, 200 manner wéi am November zejoert. D’Zuel vun Aschreiwunge läit aktuell um nämmlechten Niveau wéi 2017 an 2018.

Enn November ware ronn 10.400 Posten iwwert d’Adem disponibel. Eng Hausse vun iwwer 59% op e Joer gekuckt. Déi meescht Beruffer, déi leschte Mount vun de Leit gesicht goufen, waren am Beräich vun der Informatik, der Comptabilitéit an am Sekretariat.
