MeteoDe Februar war am Schnëtt 2 Grad ze waarm a vill ze dréchen

Pitt Wagner
Ma net just de leschte Mount, mä de ganze leschte Wanter war ze waarm an ze dréchen.
De Februar war am Schnëtt 2 Grad ze waarm a vill ze dréchen
Am vergaangene Mount ass et iwwerdeems och eng gutt Portioun méi Sonn ginn, wéi gewéinlech.

De komplette Wanter 2022/23 war ze waarm an ze dréchen. Am Dezember ass mat 15,7 Grad en neie Rekord bei den Temperaturen erreecht ginn. Bis an de Januar era war et iwwerduerchschnëttlech waarm. Den éischte Mount vum Joer war dann och e gutt Stéck ze naass. Schnéi gouf et dëse Wanter nëmme seelen. D’Sonn dogéint war an de leschte Méint vill um Rendezvous.

De Mount Februar fält dann och däitlech ze waarm aus. 2 Grad si méi gemooss ginn, wéi an der Referenz-Period vun 1991 bis 2020. Den Duerchschnëtt an dësen 30 Joer waren 2,2 Grad an engem Mount Februar. Déi äiseg Temperaturen aus de leschten Deeg hunn d’Moyenne zwar nach liicht gedréckt, allerdéngs spieren déi sech och méi kal un, wéi se sinn, wéinst dem kalen Nord-Ostwand. De wäermsten Dag war den 21. Februar. Dee Moment si 14,2 Grad um Findel gemooss ginn, awer och als maximum 16,6 Grad zu Stengefort an zu Ettelbréck. Déi keelsten Nuecht war déi vum 8. op den 9. Februar. Do waren et nëmme -5,8 Grad um Findel, zu Ueschdref op der Statioun vun der Asta war déi Nuecht am keelste mat -10,2 Grad. Äisdeeg, also Deeg wou de Quecksëlwer net iwwer 0 Grad eraus geet, sinn dëst Joer keng am Februar um Findel registréiert ginn.

Ongewinnt ass och, dass guer kee Schnéi am ganze Mount Februar gemooss ginn ass.

Am Februar 2023 ass och ze mann Ree gefall. Just 13 Prozent vum gewinnten Néierschlag ass an dem leschte Mount néiergaangen. 6,9 Liter de Quadratmeter sinn op der Statioun Findel gemooss ginn. Normalerweis et bis zu 58 Liter de Quadratmeter, déi am zweete Mount vum Joer falen.

Dofir ass et ee gudde Strapp méi Sonn ginn. 101,8 Stonne si gezielt ginn - 145 Prozent iwwert den normale Stonnen, déi d’Sonn a Mount Februar vum Himmel blénkt.

Back to Top
CIM LOGO