Den éischten Dag am Appellsprozess mam Bau-Promoteur Flavio Becca war méi séier eriwwer wéi erwaart. Net no wéi geplangt dräi Stonnen, mä schonn no zwou war Schluss. Der Verdeedegung ass eng Stonn net méi duergaangen, fir d’Plaidoirie unzefänken, der Partie civile waren net all déi néideg Piècen zougestallt ginn. Sou huet d’Riichterin mat engem clin d’oeil ugemierkt, datt si d’Impressioun hätt, datt keen op dësem Dag plaidéiere wéilt.
Ma déi Impressioun hat een awer net, 30 Minutten ier de Prozess lass gaangen ass. De Flavio Becca ass mat sengem franséische Star-Affekot Hervé Temime a weideren Assistenten ukomm. Eng grouss Wallis voller Akten hu si nogezunn. Zäitgläich ass och dem Becca seng zweet Affekotin d’Lydie Lorang am Haff vun der Cité Judicaire ukomm, fir mat hinnen eranzegoen. En Optrëtt, deen Androck ka maachen.
Wisou sou eng grouss Ekipp a vill Akten néideg sinn, huet sech da wärend dem Prozess gewisen. D’Aussoe vum Flavio Becca hunn een ane gelooss, wéi oniwwersiichtlech d’Affär deels muss sinn. Wéi eng Firma genau wou matgewierkt huet, hat den Ugekloten net méi genee am Kapp. D’Riichterin huet eng Lëscht mat enger Partie virgelies, fir e puer Minutte méi spéit de Constat ze maachen, datt et impressionnant wier, wat fir en grousse Collectionneur vun Aueren hie wier.
Op Nofro huet de Falvio Becca erkläert, wéi hie sech dës Auere zougeluecht huet, an datt se am Ausland kaaft goufen, fir op der TVA ze spueren. Se wieren als Spekulatiounsobjeten an als Investissement geduecht gewiescht. An éischter Instanz war him awer Mëssbrauch vu Firmegelder a Blanchiment an deem Zesummenhang virgehäit ginn. Vill vun den am ganzen 842 Auere am Wäert vun 18 Millioune goufen an der Suitte vu Perquisitioune saiséiert. A wéi engem Coffre-fort d’Aueren deen Ament waren, a virun allem, wéi vill et der genau waren, déi saiséiert goufen, doriwwer wousst hien net am Detail Bescheed.
Wéi sengem Mandant awer kéint Verschleierung vu Verméige virgehäit ginn, versteet de Maître Hervé Temime net. Sämtlech Transaktioune wieren um Compte Courant ze gesi gewiescht, a bei all de Kontrolle vun der Steierverwaltung, déi et virdru ginn hätt, wier kengem eppes opgefall. De Flavio Becca wollt da selwer keng Froen zu de Konte beäntwerten, mat der Umierkung, hien wier net de Comptabel gewiescht, an dat wier dowéinst net seng Charge. Heiansdo géing hien zu Saache condamnéiert ginn, an deenen hien net eleng Gerant gewiescht wier, sou de Promoteur nach.
Eppes an de Mikro soe wollt dann nom éischte Sëtzungsdag am Appellsprozess keen. Dräi weider Sëtzungsdeeg sinn nach virgesinn. E Mëttwoch de Mëtteg geet et weider.
RTL-News: Appellsprozess: De Flavio Becca an 842 Luxusaueren