AppellsprozessDe Flavio Becca an 842 Luxusaueren

Diana Hoffmann
E Méindeg de Mëtteg goung den Appellsprozess géint de Bau-Promoteur Flavio Becca un.
De Flavio Becca an 842 Luxusaueren
E Méindeg de Mëtteg goung den Appellsprozess géint de Bau-Promoteur Flavio Becca un.

An éischter Instanz war hie wéinst Mëssbrauch vu Firmegelder a Blanchiment am Mäerz zejoert zu zwee Joer Prisong mat integralem Sursis an enger Geldstrof vun 250.000 Euro verurteelt ginn. Nach den Dag vum Urteel ass hien awer an Appell gaangen.

Appellsprozess Flavio Becca/Reportage Diana Hoffmann

Am Prozess virun engem Joer goung et ëm eng ganz Partie Luxusaueren. Eng 100 Rolex, eng 100 Chopard an eng 30 Patek Philippe. Am Ganzen 842 Auere mat engem Wäert vu ronn 18 Milliounen Euro. Dës goufe majoritär tëscht 2004 an 2011 iwwer verschidde Konte vun 18 Entreprisë vum Flavio Becca kaaft.

Den Dossier ass Ufank 2011 un d’Rulle komm, duerch eng Denonciatioun vun der Steierverwaltung. D’Auere waren zum Deel als Fraise verbucht ginn - besonnesch d’Transaktiounen als Frais de cadeaux, ouni datt ugi war, u wie se gaange sinn, haten zu Doutte bei der Steierverwaltung gefouert. Am Hierscht 2011 koum et an der Suite zu 13 Perquisitiounen. Eppes iwwer 600 Auere goufen dobäi fonnt. 200 weider Auere wieren u Familljemembere verschenkt ginn, huet de Flavio Becca wärend dem Prozess erkläert.

Hie sot och, datt misst den Ënnerscheed gemaach ginn, tëscht den 300 Aueren, déi vu senger Gesellschaft Promobe Finance SPF ugeschaaft goufen an deenen aneren. Promobe hätt d’Aueren als Investissement ugeschaaft. Aner Aueren hätt hien als privat Spekulatiounsobjete kaaft. Heiansdo misst een och e Pak vun Auere kafen, fir e bestëmmte Sammlerstéck ze kréien. De Parquet huet awer Blanchiment a Mëssbrauch vu Firmegelder festgehalen. Ëm 550 Auere goufe saiséiert. Fir all d’Aueren, déi net konnte saiséiert ginn, gouf eng Geldstrof vu jeeweils 20.000 Euro fir de Flavio Becca fälleg.

An éischter Instanz ass de Bau-Promoteur vum Star-Penalist Hervé Temime verdeedegt ginn, dee schonn ënner anerem vum Schauspiller Gérard Depardieu an dem Regisseur Roman Polanski engagéiert war. De Parquet hat 3 an en halleft Joer Prisong mat méiglechem Sursis gefuerdert. Zréckbehale vun de Riichter goufen zwee an en halleft mat Sursis an eben der Geldstrof vun 250.000 Euro.

An dëser Affär sinn nach 3 weider Sëtzungsdeeg virgesinn. Um Mëttwoch geet et weider.

Back to Top
CIM LOGO