Deen Ament steet eng gréisser Plënneraktioun an d'Haus.
Et ass Plaz fir 45 Mënschen am Centre Ulysse. Aktuell wunnen der 43 hei. Bis 12 Frae kënnen hei en Ënnerdaach fannen. Et gi souwuel Eenzel- ewéi Duebelkummeren.
An der Reegel ass eng Persoun tëscht 8 an 12 Méint hei am Foyer doheem. D'Pandemie mécht d'Situatioun fir Leit a Nout net méi einfach.
Ronderëm de Leschte Steiwer ginn et eng Partie Opfankstrukture fir Mënschen an enger schwiereger Liewenssituatioun. Sou fënnt een nieft dem Foyer Ulysse nach de Bistrot "Courage". Dëse gëtt et zanter November 2016 an ass all Dag op vu moies 7 bis owes 19 Auer.
D'Scheier tëscht Aarm a Räich gëtt ëmmer méi grouss. Och hei zu Lëtzebuerg. Sozial Institutiounen ewéi d'Caritas a Gemengeresponsabel sinn dowéinst gefuerdert.
Tëscht 130 an 150 Passagë gi pro Dag am Bistrot "Courage" gezielt.