
De laangjärege Buergermeeschter vu Schengen a Biermereng ass an der Nuecht op e Freideg am Alter vun 62 Joer verscheet.
Bei de leschte Gemengewalen, déi zu Schengen am Proporzsystem ofgehale gi waren, hat de Ben Homan ewell net méi kandidéiert, genee wéi 2017, wéi de Politiker net méi mat an d’Course gaange war an deemools de Michel Gloden de Poste vum Buergermeeschter iwwerholl huet.
De Politiker war och international bekannt ginn, nodeems hie sech fir d’strikt Anhale vun de Reegelen, déi fir de Schengen-Raum gëllen, agesat hat. Och duerch en Interview 2016 op CNN war de Ben Homan international remarkéiert ginn, wëll hie sech fir den Traité vu Schengen staark gemaach hat.
Et war ënnert dem Ben Homan als deemolege Buergermeeschter, wéi 2011 d’Gemenge Schengen, Rëmerschen, Welleschten a Biermereng mat hiren néng Dierfer zu enger Fusiounsgemeng zesummegewuess waren.
Éier de Ben Homan Buergermeeschter vun der fusionéierter Gemeng Schengen gouf, war hie sechs Joer laang Buergermeeschter vu Biermereng.
1994 war hien eng éischte Kéier an de Gemengerot zu Biermereng gewielt ginn. 2013 war de Politiker och fir d’CSV mat am Osten an d’Chamberwale gaangen.
De Ben Homan hannerléisst seng Fra an dräi Meedercher.