Hausse vu 25 ProzentDe Gas gëtt méi deier

Fanny Kinsch
Am September hätte sech d'Präisser fir verschidde Produite vervéierfacht an och d'Stéit kréien dat ze spieren.
Hausse vun de Gaspräisser
Am September hätte sech d'Präisser fir verschidde Produite vervéierfacht an och d'Stéit kréien dat ze spieren.

Hausse vun de Gaspräisser / De Reportage vum Fanny Kinsch

"Esou eppes hu mir nach ni gesinn", mat deene Wierder beschreift de Claude Simon, Chef vum Departement fir d'Vente vun der Energie bei Enovos, déi aktuell Entwécklung vun de Gaspräisser. Wéi gesot, hätte sech verschidde Präisser vervéierfacht, ma déi staark Präishausse iwwerdréit sech net 1 zu 1 op de Client, seet de Claude Simon, well d'Fournisseuren de Gas iwwert eng méi laang Zäit akafen an net alles an engem Dag. Ma op e Joer gekuckt wier mat enger Hausse vum Gaspräis vu 25 Prozent ze rechnen. "Et ass net elo e Lëtzebuergesche Phenomen, mä och zu Lëtzebuerg si mir doduerch impaktéiert. Wann een elo zum Beispill kuckt, e Stot mat engem Verbrauch vun 2.700 Kubikmeter Gas hat am Joer 2020 ronn 1.400 Euro mat allen Taxen an alles dra bezuelt, dee bezilt elo 2021 plus minus 25% méi, spréch 1.750 Euro."

Besonnesch am 4. Trimester vun dësem Joer an am 1. Trimester vun nächstem Joer géingen d'Präisser nach klammen, sou de Claude Simon vun Enovos, duerno misst d'Situatioun sech nees berouegen.

D'Entwécklung vum Gaspräis wier op 2 Phenomener zréckzeféieren, seet de gréngen Energieminister Claude Turmes.

"Dat eent ass, no Covid ass vill manner Gas produzéiert ginn, et sinn och an deem Secteur Leit entlooss ginn, elo ass nees méi Nofro no Gas an do gëtt et eng immens Onrou op deem Marché, dat ass zum Beispill och sou bei de Schëffscontainer, déi och haut vill méi deier si wéi virum Covid. Dat zweet ass, dass eventuell eenzel Fournisseuren, déi an Europa liwweren, vun där Onsécherheet profitéieren a quasi hir dominant Positioun ausnotzen. Dat kéint notamment de Fall si fir Gazprom."

© RTL Grafik

Dowéinst hätt hien e Bréif un d'EU-Konkurrenzkommissärin Margrethe Vestager geschriwwen, fir eng Enquête ze froen, déi kläre soll, ob déi russesch Entreprise eventuell vun Onsécherheeten um Marché profitéiere géing.

Mëttelfristeg misst ee sech awer och manner ofhängeg maache vun esou Betriber, a vun de fossillen Energien allgemeng, well hei wier mat enger grousser Präis-Volatilitéit an den nächste Jore ze rechnen, seet de Claude Turmes.

"Do hëllefe mer jo och iwwert eis Primme fir Elektroautoen, fir Wärmepompelen, fir eben och d'Renovéierung, mir probéieren do wierklech mam Carole Dieschbourg a mam Henri Kox e Maximum ze hëllefen, fir ëmzeklammen."

Un d'CO2-Steier wëll de grénge Minister awer net goen, fir der Präisentwécklung entgéintzewierken - déi hätt sou wéi sou nëmmen e verhältnisméisseg klengen Impakt an dat géing am Kontext vum Klimawandel dee falsche Message schécken.

Back to Top
CIM LOGO