AsylDe Gros vun de Leit, deen hei Asyl ufreet, kënnt aus Eritrea a Syrien

RTL Lëtzebuerg
De leschte Mount hunn 208 Leit international Protectioun zu Lëtzebuerg ugefrot. Dat sinn 30 Persoune manner, wéi am Oktober d'lescht Joer.

De Gros vun de Leit, deen hei am Land Asyl ufreet, kënnt aus Eritrea an aus Syrien.

Bis elo hunn dëst Joer 570 Leit de Statut vum Refugié zu Lëtzebuerg unerkannt kritt.

144 Leit goufen an hier Heemecht zeréckbruecht, well hier Prozedur um Enn war. Dat ware 45 forcéiert Retouren an 99 fräiwëlleger.

301 Persoun goufen, no den Dublin Reegelen, an dat EU-Land bruecht, wou se fir d'éischt eng Asyl Demande gemaach hunn.  Ënnert anerem hunn 78 Leit missten zeréck an Däitschland goen, 72 Leit goufen a Frankräich bruecht an 61 an Italien.

PDF: Statistiques protection internationale

Back to Top
CIM LOGO