
De Jean-Luc Zossong entsprécht net der geleefeger Virstellung vun engem Parkinson-Patient. Dass hien eng Diagnos huet, gesäit een dem 60 Joer ale Sportfan net direkt of. Anescht wéi een dat vläicht erwaarde géif, ziddert hien net vill, ass mobil a mécht 4 bis 5 Mol an der Woch Sport an ass esouguer Trainer bei der Parkinson Asbl.
Dat war awer net ëmmer sou: D’Diagnos krut de Jean-Luc Zossong mat 42 Joer, virdrun hat hien en dräi Joer laangen Dokter-Marathon hanneru sech. “Wann der wësst, wat der hutt, da sot eis et, eis géing et och interesséieren”, hätt een deemools zu him gesot, wéi déi éischt Symptomer opgetaucht sinn. Den Aarbechtskolleege wier op eemol opgefall, dass hien e Been nozitt, hie selwer hätt dat awer net gemierkt. Och wier hien ëmmer op der selwechter Plaz um Buedem mat der Zéif hänke bliwwen. Am Ufank wollt den deemools nach net emol 40 Joer ale Mann sech dat net agestoen. “Et probéiert een, et ze verstoppen, mat deem enge Fouss um Trottoir an deem aneren an dem Couloir”, sou wier hie getrëppelt. Hie wier ëmmer méi iwwert seng Féiss gefall, hätt op eemol guer net méi kënne goen. Geziddert hätt hien dee Moment awer nach guer net. D’Leit hätte sech gefrot, firwat e sou onsécher géing trëppelen. “Hues du d’Panz voll?”, hätt hien dann alt méi dacks héieren.
Wéi hie bis wousst, wat en hätt, wollt hien net all ze vill driwwer nodenken. “Ech hat zwou Froen: ‘Wéi laang liewen ech domat, a wéi verleeft déi Krankheet?’” Vue dass dat bei jidderengem ganz individuell wier, hätt hie sech net weider dorobber ophänke wëllen. 9 Joer dono huet hie sech awer operéiere gelooss, fir rëm kënnen ze trëppelen. Hie krut en DBS- Apparat (Deep Brain Stimulaton) agesat: Zwou Elektroden am Gehier, an eng Batterie nieft der Broscht. Dat funktionéiert änlech wéi en Herzschrittmacher. Dat hätt him gehollef, erëm ze goen, haut leeft hie 50 Kilometer d’Woch an ass virun zwee Joer nach eleng op Marrakesch gefuer.
Wat ass Parkinson?
Parkinson ass eng neuro-degenerativ Krankheet, bei där am Gehier Zellen ofstierwen, haaptsächlech déi, déi Dopamin produzéieren. Dopamin ass e sougenannte “Botenstoff”, deen derfir suergt, dass d’Nervenzellen am Gehier matenee kommunizéiere kënnen.
Duerch Parkinson entsteet en Ongläichgewiicht am Gehier: D’Beweegunge vun de Patiente sinn net méi esou flësseg, et kann zu engem “afréiere” kommen. Och de Gang ka sech veränneren, et schwätzt ee vun engem “Schlappen”, et kënnt eventuell zu Schwieregkeete beim Schwätzen an och de Gesiichtsausdrock ka sech veränneren: e wierkt steif. Donieft kënne Verdauungsproblemer optrieden, de Gerochssënn kann ausfalen, et gëtt eventuell Bluttdrock-Problemer a Stëmmungsschwankungen. Och Problemer beim Schlofe sinn dokumentéiert, zum Beispill schloe Patienten am Dram em sech.
Dës Symptomer kënnen anescht wéi de bekannten Zidderer (Tremor) scho méi fréi am Krankheetsverlaf optrieden an domat bei enger fréizäiteger Diagnos hëllefen.
Zu Lëtzebuerg geet een aktuell vun engen 1.000 Patienten aus, ma d’Fuerschung an och Parkinson Asbl schätzt, dass déi Zuel an den nächste Jore klamme wäert.
Ass Parkinson heelbar?
Bis dato net, et kann een d’Krankheet och nach net op engem gewësse Punkt stoppen. Fir de Moment ass een nach bei der Symptombekämpfung. Do ginn et engersäits Medikamenter, anersäits och Ultraschall-Therapie oder déi sougenannten “deep brain stimulation”, eppes wéi en Herzschrittmacher fir d’Gehier. Réckemuerch-Implantater hunn éischt Succèse géint d’Zidderen an de Bee bruecht.
Zu Lëtzebuerg gëtt intensiv u Parkinson gefuerscht, réischt d’lescht Joer ass en Duerchbroch bei der Diagnos gelongen: D’Fuerscher konnten Eewäiss-Klompen am Blutt vu Patienten noweisen. Domat kéint fréizäiteg Parkinson diagnostizéiert ginn.
D’Parkinson Asbl, déi Patienten an hir Partner betreit, setzt grouss Hoffnungen an deen Test. Ma nach wier deen net um Maart, erkläert den Thierry Lentz, Coordinateur vun der Asbl: “D’Zäitofschnëtter tëscht den Entdeckunge bei der Fuerschung ginn ëmmer méi kuerz, mir hoffen, dass den Test an 1 bis 2 Joer do ass.”
Wéi ëmgoe mat der Diagnos?
De Jean-Luc Zossong huet eng kloer Astellung zu senger Krankheet, hie wëll sech net kléng kréie loossen. Méi fréi an d’Pensioun ze goen, hätt hien net gewollt. “Et ass nach keen dru gestuerwen, déi Leit solle positiv bleiwen a sech vill beweegen.” Op Beweegung setzt och d’Parkinson Asbl, ma de Sport wier keng Mussesaach, preziséiert den Thierry Lentz. D’Asbl bitt och Informatiounskonferenzen iwwer Parkinson un. Déi nächst ass de 26. Abrëll zu Leideleng.