Duerchbroch fir Diagnos vu Parkinson

Lëtzebuerger a japanesche Chercheuren ass ee Coup gelongen. Si hunn eng Method fonnt, fir d'Krankheet Parkinson mat enger Bluttprouf ze diagnostizéieren.
Bis ewell gouf et keng honnertprozenteg sécher Diagnosen an et huet an der Moyenne dräi Joer gedauert, bis dës iwwerhaapt emol feststoungen. Mat de Resultater vun dëser Lëtzebuergesch-Japanescher Kooperatioun wäert et also an noer Zukunft méiglech sinn, betraffe Leit méi fréi effikass kënnen ze behandelen.
Bei Leit, déi Parkinson hunn, brénge verschidden Zellen am Gehier et net méi fäerdeg eng bestëmmten Zort Eewäiss auszescheeden. Dëst Eewäiss verklompt da bannent den Zellen, esou dass dës net méi richteg schaffe kënnen, bis se iergendwann iwwerhaapt net méi funktionéieren.
De Wëssenschaftler ass et elo gelongen, Réckstänn vun dësen Eewäiss-Klompen am Blutt nozeweisen. Konkret hu si eng Method entwéckelt fir minim Quantitéite vun dësem Eewäiss esou z'amplifiéieren, dass een se iwwerhaapt ka gesinn.
Méiglech war dat awer just duerch déi aktiv Recherche an deem Beräich, déi zanter ronn aacht Joer hei am Land leeft. Eng 900 Parkinson-Patienten loosse sech all Joers ënnersichen a gi verschidde Prouwen of. Immens wichteg fir d'Recherche ass och d'Donatioun vum Gehier nom Dout.
Parkinson ass mat honnertprozenteger Sécherheet just duerch eng Analys vum Gehier nom Dout ze diagnostizéieren. Wéi de Professer Rejko Krüger vum Luxembourg Institute of Health erkläert, hunn déi stockéiert Prouwen et erlaabt ze beweisen, dass een nëmme bei Leit mat Parkinson ganz bestëmmten Eewäiss-Klompen am Blutt fënnt. Dës wiere quasi wéi e Fangerofdrock vun där Krankheet.
Elo wëllen d'Chercheuren erausfannen, ob een dëse Biomarker och schonn am Blutt fënnt, ier Symptomer vun der Krankheet optauchen. An deem Fall kéinten ënnert anerem och Traitementer entwéckelt ginn, fir Leit preventiv ze behandelen. Virop Leit mat Risikofacteuren kéinten da getest a méiglechst fréi traitéiert ginn. Zu de Risikofacteure fir Parkinson gehéieren ënnert anerem Probleemer beim Richen, Schlofstéierungen a wann een dacks verstoppt ass.
Am Kader vun där Etüd gi Leit tëscht 50 an 80 Joer gesicht, déi bis ewell keng neurologesch Krankheet hunn. Dës mussen an enger éischter Phas just e Questionnaire ausfëllen. En Deel vun deene Leit kritt dann e Rich-Test heem geschéckt. An e klengen Deel dovu gëtt da gefrot, am Laboratoire Prouwe mat Blutt, Urin a Spaut ofzeginn. Ma eleng d'Ausfëlle vum Questionnaire géif schonn immens hëllefen, betount de Professer Rejko Krüger vum LIH.
Matmaache kann een hei.
Weider Detailer zur Recherche vum internationale Fuerscherteam aus Lëtzebuerg a Japan fannt Dir hei.