D'Alldagshelde vun der CovidstationDe Kampf géint de Coronavirus, Dag fir Dag

RTL Lëtzebuerg
D'Belaaschtung ass och ee Joer nom éischte Patient enorm fir d'Personal am CHL.
D'Alldagshelde vun der Covidstation
D'Belaaschtung ass och ee Joer nom éischte Patient enorm fir d'Personal am CHL.

Si schaffen un der Front a vergläichbar ass et mat näischt, wat ee bis dato kannt huet. Eng 900 Patiente goufen am CHL am éischte Pandemie-Joer behandelt, dovu 95 op der Intensivstatioun, 127 vun dëse Mënsche sinn an dëser Zäit um oder mam Covid-19 gestuerwen.

Datt den Doud ewell sou present ass, dat ass och fir déi erfuerenst ënnert dem medezinesche Staff net einfach ze verkraaften. Dobäi kommen natierlech och déi eegen Ängschten, sech oder anerer unzestiechen, an d'Schaffe mat extreme Precautiounen, Schutzkleedung, Händschen, Mask, Brëll oder Visière. Desinfizéieren à gogo.

Fir de Reportage war eng RTL-Ekipp op d’U20 dréien. Dat ass d'Unité d'Hospitalisation vum "Service national des maladies infectieuses", déi Statioun, wou déi éischt Patienten am Februar zejoert hospitaliséiert goufen an och haut nach behandelt ginn.

Wei erliewen dës Alldagshelden dee permanente Kampf géint de Virus? Eng Fleegerin, wéi och d’Chef-Psychologin vum CHL erzielen, wéi en Impakt de Coronavirus konkret op hiren Alldag huet. Zäit sech z'erblosen an dat Erlieften ze verschaffen, bleift net wierklech, well de Virus schount keen. D'Hoffnung läit fir si virop op der Impfcampagne a bis dohin heescht et duerchhalen. Wéi laang weess keen. D'Spidol versicht iwwerdeems seng Mataarbechter mat ganz ënnerschiddleche Methoden, wéi zum Beispill Relaxatiounsseancen, direkt op der Statioun ze hëllefen, bis de Virus Geschicht ass a rëm d'Normalitéit antrëtt.

RTL-News: Viru genee 1 Joer: Lëtzebuerg ass de 16. Mäerz 2020 eng éischte Kéier an de Confinement gaangen

Back to Top
CIM LOGO