Stad LëtzebuergDe Kierchbierg kritt en neie Waassertuerm

RTL Lëtzebuerg
D'Bauaarbechten un der Fondatioun hu schonn ugefaangen, am November 2023 soll de Projet fäerdeg sinn.
De Kierchbierg kritt en neie Waassertuerm
De Reservoir mat enger Kapazitéit vun 1.000 Meterkibb gëtt an enger Natura-2000-Zon gebaut a muss dowéinst eng ganz Rëtsch Oplage respektéieren.

De Plateau Kierchbierg kritt säin eegene Waassertuerm. De Reservoir mat enger Kapazitéit vun 1.000 Meterkibb gëtt an enger Natura-2000-Zon gebaut a muss dowéinst eng ganz Rëtsch Oplage respektéieren.

D’Architekten hunn de Waassertuerm esou entworf, datt hie sech dem Bësch upasst. Duerch seng Form an de Choix vun de Materialie verschmëlzt d’Gebai mat der Natur ronderëm. D’Holz fir d’Fassad kënnt aus Lëtzebuerger Bëscher an en plus soll den Tuerm den Déieren neie Liewensraum bidden.

Aktuell gëtt de Kierchbierg exklusiv iwwert de Reservoir um Sennengerbierg mat Waasser versuergt. Den neie Waassertuerm garantéiert, datt et an Zukunft net zu Enkpäss kënnt, wann d’Populatioun um Kierchbierg weider wiisst. Aktuell wunnen eppes méi wéi 4.000 Leit um neien Deel vum Kierchbierg. Iwwert déi nächst Joren a Joerzéngte sollen nach eng ganz Rëtsch Quartiere bäikommen. D’Populatioun wäert zolidd an d’Luucht goen. An Zukunft solle ronn 30.000 Mënschen um Kierchbierg wunnen.

D’Bauaarbechten un der Fondatioun hu schonn ugefaangen, am November 2023 soll de Projet fäerdeg sinn. De Käschtepunkt läit bei ronn 11 Milliounen Euro.

D’Stad huet aktuell just 3 Waassertierm, déi a Betrib sinn. Dee groussen zu Bouneweg um Kaltreis, deen zu Zéisseng an deen neie laanscht d’Autobunn op der Cloche d’Or.

Back to Top
CIM LOGO