Iwwer 1.100 Leit hunn sech fräiwëlleg gemellt fir matzeschaffen, 100 goufen der zréck behalen. Bannent sechs Méint soll dëse Biergerrot d’Fro beäntweren, ob een zu Lëtzebuerg an der Klimapolitik méi wäit soll goen - a wa jo, wéi?
De Lancement vum “Klima Biergerrot” kann ee sech e Samschdeg vu 14 Auer un Online mat ukucken. E Rapport soll dann der Chamber presentéiert an duerno debattéiert ginn.
Klima-Biergerrot: Democracy-Washing oder ee reelle Richtungswiessel?